Shell Eco-marathon 2025
🎉 De Lycée des Arts et Métiers um Shell Eco-marathon 2025! 🚗
Och dëst Joer hëlt de Lycée des Arts et Métiers deel un enger vun de renomméiertste weltwäite Kompetitiounen am Beräich vun der Energieeffizienz, dem Shell Eco-marathon, dee vum 10. bis den 15. Juni 2025 um Silesia Ring zu Kamień Śląski a Polen stattfënnt.
De Shell Eco-marathon wëll jonk Leit motivéieren, déi sech fir eng nohalteg an innovativ Energiezukunft asetzen. D’Kompetitioun weist, wéi wichteg Zesummenaarbecht, Ausdauer an Innovatiounsgeescht sinn, fir nei Léisunge fir d’Energie vu muer ze fannen.
Et ass eng international Plattform, wou Schüler a Studenten aus aller Welt mat hire selwergebauten, energieeffiziente Gefierer un de Start ginn.
👉 D’Ekipp vum Lycée des Arts et Métiers setzt sech zesummen aus de follgende Schüler:
Nicolas Reichert (4GIG2), Misch Dahm (3TPMG), Mikka Mangers (3TPMG), Ben Schott (3TPMG), Nils Herr (DP1MG), Elsa Reuter (DC2MI), Alyssia Varela Fortes (3Cl), Leo Watgen (2GIG2), Prajwol Khatri (3CI), Noah De Oliveira (3CI) a Maurice Feller (3CI).
Begleet gëtt d’Ekipp vum engagéierte Betreierteam: Damien Brauch, Mike Zawidzki, Tom Schmitz an Angèle Zimmer.
Den Ecotöff, deen am Kader vun dësem Projet komplett vun eise Schüler gebaut an optimiséiert gouf, huet mat Erfolleg déi technesch Kontroll passéiert a fiert elo seng Ronnen op der Streck.
Dat ass eng impressionant Leeschtung an en staarkt Beispill fir d’Kompetenz an d’Teamaarbecht vun eise Schüler!
👏 Mir felicitéieren dem ganzen Team häerzlech fir hir formidabel Aarbecht a wënschen hinne vill Erfolleg bei dëser prestigiéiser internationaler Kompetitioun!
#ShellEco-marathon #TeamLAM
Fotoen