08.05.2025

Mir freeën eis, de Mr Science an d’Roadshow vun der innovativer Science Game Show Take Off de 6. Mee 2025 am Lycée des Arts et Métiers begréisst ze hunn!

Wat ass Take Off?
Take Off ass eng spannend Science Game Show mat 13 Episoden, an där 12 jonker Leit (tëscht 15 a 21 Joer) a fesselende wëssenschaftleche Challenge géinteneen untrieden. No all Episod muss ee Kandidat d’Show verloossen – bis nëmmen nach déi bescht zwee an der Finall stinn a bis zu 10.000 € Präisgeld gewanne kënnen.
D’Sendung gëtt op RTL gewisen a begleet iwwer Instagram a TikTok, fir och online fir d’Wëssenschaft ze begeeschteren.

Hanner dem Projet stinn:
– d’André Losch Fondation
– d’Rakett 69 (Concept)
– an de Luxembourg National Research Fund

Eis Schüler ware ganz interesséiert un der Roadshow a si mat Begeeschterung op d’Presentatioun agaangen. Dëst weist, wéi wichteg et ass, Wëssenschaft lieweg a spannend ze vermëttelen.

Falls du dech ugeschwat fills an deng Passioun fir d’Wëssenschaft weise wëlls, da mell dech un op:
👉 https://www.takeoffshow.lu/

Fotoen
Retourner