Mäi Foussofdrock am LAM!

Mäi Foussofdrock am LAM!

D’Schüler vun de Klassen 1TP3D, 4TP3D, 2TPDG an DC3DC hunn hiren “Foussofdrock” am LAM hannerlooss.

Am Kader vun enger Aktivitéit hu sech d’Schüler mat der Madame Kohl mam Thema “Mäi Foussofdrock am LAM” an “Motivatioun” Gedanke gemaach. Vun der Iddi bis zum Ubrénge vun de Bänner hunn d’Schüler alles eleng gemaach. No dem eng Selektioun vun den Aarbechte gemaach ginn ass, si vill kreativ a staark Motivatiounssätz fir d’Schüler vum LAM entstanen. Des Aarbecht ass am Haaptgebai op den Trappe veréiwegt ginn.

E grousse Merci u Lettrage Grillo fir déi gutt Kooperatioun.

Service socio-éducatif

Fotoen
Retourner