Sensibilisation à la mobilité et la sécurité sur la route
Den 16. Juni 2026 haten eis Schüler d’Geleeënheet un enger Sensibilisatiounsaktioun zur Mobilitéit a Stroossesécherheet deelzehuelen.
No enger theoreetescher Aféierung an engem Austausch mat Fachleit konnten d’Schüler dräi praktesch Atelieren entdecken: en accidentéierten Auto als Beispill fir op Geforen am Stroosseverkéier hinzeweisen, Bremstester fir de Bremswee bei verschiddene Vitessen ze erliewen an Demonstratioune mam Gurtschlitten an der Iwwerschlagskabinn, déi d’Wichtegkeet vum Sécherheetsgurt op beandrockend Aart a Weis gewisen hunn.
E grousse Merci un d’Police Grand-Ducale, d’Protection Civile an de Centre de Formation pour Conducteurs S.A. fir hir wäertvoll Matwierkung, souwéi dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse fir d’Ënnerstëtzung vun dëser wichteger Initiativ.
#Stroossesécherheet #Mobilitéit #Préventioun #Lycée #SécherËnnerwee 🚗🦺🚓
Fotoen