🎉 Portes Ouvertes 2026 – Merci! 🙌

🎉 Portes Ouvertes 2026 – Merci! 🙌

Vum 15. bis de 16. Mee hunn d’Portes Ouvertes vum Lycée des Arts et Métiers um Lampertsbierg an zu Dummeldeng mat groussem Succès stattfonnt! ✨

🙏 E grousse Merci un all eis Visiteuren fir ären Interessi, är flott Gespréicher an de positive Feedback.
👏 Merci och un eis engagéiert Schüler, déi mat vill Häerzblutt, Motivatioun a Begeeschterung dobäi waren.
💪 E weidere Merci geet un all eis Mataarbechter, déi mat hirem Asaz fir en exzellenten Oflaf gesuergt hunn.
🤝 Merci och un d’Vertrieder vum LAMAlumni, déi mat hirer Präsenz d’Evenement beräichert hunn.
🙏 E ganz besonnesche Merci geet un d’Entreprisen, déi um Site Lampertsbierg mat engem Stand vertruede waren. Dir hutt eise Schüler a Visiteure wäertvoll Ablécker an d’Beruffswelt ginn. 💼👨‍🔧👩‍💻

💙 Mir sinn houfreg op dat ganzt Team, zesummen hu mir e staarkt an inspiréierend Bild vun eiser Schoul gewisen!

#LAM #PortesOuvertes2026

Fotoen
Retourner