🎉☀️ Schoulfest 2026 ☀️🎉

Bei beschtem Summerwieder hu mir den 8. Juli op eise Sitten zu Dummeldeng an um Lampertsbierg e gelongent Schoulfest gefeiert.

Mat ville flotten Aktivitéiten, gudder Laun a ville gemeinsame Momenter hunn eis Schüler an d’Personal fir eng flott Atmosphär gesuergt. Et war e schéinen Dag voller Freed, Zesummenhalt a Summerstëmmung.

E grousse Merci un all déi, déi mat hirem Engagement zum Succès vun dësem Schoulfest bäigedroen hunn! 👏

Fotoen
Retourner