🥉 Bronzemedail fir d’Mini-Entreprise Pawzz zu Skopje!
🥉 Bronzemedail fir d’Mini-Entreprise Pawzz zu Skopje!
Vum 23. bis de 26. Oktober war d’Mini-Entreprise Pawzz (1CI) zu Skopje an Nordmazedonien, fir Lëtzebuerg beim YouthStart European Entrepreneurship Award (https://www.youthstart.network/events-1) ze representéieren.
Mat hirem Projet konnten d’Jongen d’Jury iwwerzeegen an hunn eng Bronzemedail mat heem bruecht! 🥉👏
Wärend dem Concours hate si d’Geleeënheet, hir Mini-Entreprise virun enger internationaler Jury ze pitchen, wäertvoll Erfarungen ze sammelen an engagéiert a motivéiert Jonker aus anere Länner kennen ze léieren.
Häerzleche Gléckwonsch un d’ganz Ekipp fir dës flott Leeschtung! 🎉
E grousse Merci un de SCRIPT an un Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg fir d’Organisatioun.
Fotoen