Walfer Bicherdeeg

Portraits d’auteurs 📚

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2024 hunn d’Schüler vun der 2TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers all Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2024 nominéiert sinn.

De 14. November konnte si dunn hir Wierker zesumme mat hiren Enseignanten, dem Direkter Fabrice Roth an dem Sous-Direkter David Reinartz op der Ausstellung vun de Walfer Bicherdeeg entdecken.

De Projet war fir d’Klass eng aussergewéinlech Erfarung: Si hunn net just kreativ geschafft, mee och vill interessant nei Leit a Geschichte kenne geléiert. D’Schüler ware begeeschtert an et si faszinéierend Portraite entstanen, op déi si kënne stolz sinn 📸✨.

E grousst Kompliment fir déi gelonge Portraiten geet un eis motivéiert an talentéiert Schüler vun der 2TPTI : Alexandre, Brice, Clara, Devan, Diana, Enzo, Ineza, Kyra, Lily, Lou, Luca, Milena, Miguel an Olav. 👏🎉

Eis Schüler vun der 5C hu sech och un dësem Projet bedeelegt a si hunn en dräisproochegen Interview fir d’Auteuren ausgeschafft an dëse per Email un si geschéckt. Si wollte verstoen, wéi an ënnert wéi engen Ëmstänn d’Auteuren hir Geschichte schreiwen. ✍️
D’Reaktioun vun de Schrëftsteller war absolut positiv! 🙌 D’Schüler konnte spannend Schlësselsätz aus den Äntwerten eraussichen, déi si ganz besonnesch inspiréiert hunn.

E grousse Merci fir déi interessant Interviewe geet un eis kreativ Schüler vun der 5C : Achilleas, Arben, Aurélien, Charel, Chiara, Dorota, Emma F., Emma K., Eve, Hong, Lea, Leni, Liv, Mia, Rafael, Sophia, Suzanne, Telma 👏🎉

Hei kënnt dir déi komplett Interviewe liesen: https://www.artsetmetiers.lu/wbd24/

#LAM #Literatur #Buchpräis #WalferBicherdeeg #Kreativitéit

Photos
Retourner