Walfer Bicherdeeg 2023

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2023 hu Schülerinnen a Schüler vun der 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers alleguer déi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi op der Shortlist fir de “Lëtzebuerger Buchpräis 2023” stoungen. Dës Portraite ginn an enger Ausstellung wärend de Walfer Bicherdeeg gewisen.

Och déi méi jonk Schülerinnen a Schüler vun der 5C a 4C aus dem LAM hu sech un dësem Projet bedeelegt: Si ware virwëtzeg a wollte méi iwwert d’Auteure wëssen. Dofir hu si an der Schoul e schrëftlechen Interview ausgeschafft, den si den Auteuren per Email zoukomme gelooss hunn. Si wollte gewuer ginn, firwat an ënnert wéi engen Ëmstänn d’Auteuren hir Texter schreiwen.
D’Reaktioun vun de Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller war ganz positiv an aus deenen ausféierlechen Äntwerte konnten d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 5C a 4C an der Schoul Schlësselsätz eraussichen, déi hinne besonnesch gutt gefall hunn.

Den interesséierte Visiteur vun der Ausstellung kann e QR-Code scannen an d’Portraiten, esouwéi och déi komplett Interviewen op der Homepage vum Lycée des Arts et Métiers liesen: https://www.artsetmetiers.lu/wbd/ .

Fotoen
Retourner