Visitt bei RTL

Méindes, de 5. Mee, waren d’Schüler vun der 4TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers zesumme mat hirer Enseignante Anne Diederich op Visitt bei RTL.

Si hu vill spannend Andréck gesammelt: vun engem Bléck hannert d’Kulisse vum Radiostudio, iwwer d’Redaktioun, de Montage an d’Regie, bis hin zum Datazenter, dem Maquillage an natierlech och de verschiddene Fernsehstudioen.
Iwwerall hu si vill interessant Erklärunge kritt an e gudden Abléck an déi professionell Mediewelt gewonnen.

E grousse Merci geet un d’Emma Baumberger, den Eric Steichen, de Michel Schmitt an de Sam Bouchon, déi sech Zäit geholl hunn, fir dës Visitt méiglech ze maachen.

Photos
Retourner