Vernissage « We Want »
De 14. November 2025 war am Kader vum Luxembourg Design Festival de Vernissage vun der Ausstellung « We Want », e Projet vun de Klassen 1GACV1, 1GACV2, 1TP3D an 2TPDG.
E grousse Bravo geet un all d’Schülerinnen a Schüler an och un hir Enseignanten Yolande Bossers, Gilles Gardula, Marianne Grisse, Ralph Kilburg a Laurent Patz fir hiren aussergewéinleche Projet.
Mat « We Want » stinn de grafeschen Design an de Produktdesign am Mëttelpunkt, presentéiert an enger mobiler Struktur am Fräien. D’Ausstellung weist d’Aarbechte vun den zwee Design-Departementer vum Lycée des Arts et Métiers a setzt hir Kreativitéit a Professionalitéit flott an Zeen.
Fotoen