Solidaritätsaktioun mat den Affer vum Krich an der Ukrain

#UNICEF

De Lycée des Arts et Métiers ass houfreg drop, am Kader vun der Solidaritätsaktioun mat den Affer vum Krich an der Ukrain, 3.278,04 Eur un d’Unicef ze spenden.

E grousse Merci un eis Schüler, déi sou engagéiert geschafft hunn an den Erléis vun hirem selwergebakene Kuch, selwergemaache Seefen, de Friddensmaart an nach vill aner Aktioune gespent hunn.

E grousse Merci och un eist Personal, dat all déi Aktiounen erfollegräich ënnerstëtzt huet.

Retourner