Ski-Championnat vun der LASEL
Dëse Weekend ware 5 Schüler vum LAM beim Ski-Championnat vun der LASEL am Asaz.
D’Milla, d’Sarah, de Lou, de Sebastian an de Noah sinn zu Adelboden Samschdes a Sonndes am Rieseslalom, souwéi am Slalom ugetrueden, a hu sech gutt geschloen.
D’Milla konnt am Slalom souguer eng Bronzemedail mat heem huelen.🥉
Mir si ganz houfreg op eis Schüler! ⛷️
Fotoen