Schachspiller
D’Schülerinnen a Schüler vun der 7P6 hunn am Atelier polyvalent wonnerschéi Schachspiller hiergestallt an dobäi och geléiert Schach ze spillen. Dës grouss Faszinatioun fir d’Spill hu si e Mëttwoch mat verschiddene Memberen aus der Communauté scolaire gedeelt.
Ganz motivéiert hu si iwwer hire Projet erzielt a mat vill Elan zesumme mat hirem Publikum Schach gespillt.
Hinnen e grousse Bravo fir hiert aussergewéinlecht Engagement an hir flott Aarbecht! 👏♟️
Fotoen