Samuel HAMEN & Melitta SCHUBERT

Interview mam Samuel HAMEN:

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Et gouf warscheinlech zwee Amenter, déi fir mech wichteg waren: d’Harry-Potter Bicher ze liesen an duerno d’Fan-Fiction ze entdecken – an där Zäit hunn ech déi éischt Geschichte mat Figuren aus deem „Universum“ geschriwwen; mat véierzéng, fofzéng sinn ech dunn an d’Roleplay-Forum-Zeen vun engem PC-Fantasy-Strategie-Spill (Spellforce) geroden, do huet een dunn zesummen u méi laange Geschichte geschriwwen, bei deene jidderee säi Charakter erziele gelooss huet – good old times, déi leider net méi accessibel. (Wéi ech am Lycée war, gouf et bei eis keng Creative-Writing-Formater.) Op der Uni hunn ech dunn no an no aner Leit kennegeléiert, déi och geschriwwen hunn, et huet ee sech méi intensiv iwwer déi eegen Texter ausgetosch, et gouf éischt Liesungen op klenge Bünen … 

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Ech si fräien Auteur, dat heescht: Ech liewen tatsächlech vu mengem Schreiwen. Eleng iwwer d’Schreiwe vu literaresche Bicher ass dat awer schwiereg, dowéinst sinn ech och am Theater, der Literaturkritik, bei Moderatioune vu Liesungen aktiv. 

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

D’Margret Atwood huet op d’Fro, firwat si schreift, geäntwert: „Firwat net? Ech verstinn Är Fro net.“ Vläicht ass dat déi beschten Äntwert. D’Ausléiser fir een Text kënne ganz verschidde sinn, een Optrag fir een Theater, den Opruff vun engem Literaturconcours, ee Bäitrag fir ee Literaturheft oder eng perséinlech Experienz. Mee hanner all deenen Ausléiser, déi bei jidderengem anescht sinn, well ech mengen, datt jiddereen op ›seng‹ / ›hir‹ Manéier kreativ ass, steet déi Selbs t ver s t ändlechkeet , et mam Schreiwen ze probéieren, fir „eens“ ze ginn.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Ganz frësch: „Die fernere Zukunft“ vum Adam Thirlwell, am engleschen Original: „The future future“, och: „Stausee“ vum César Aira, „Frascht“ vum Nico Helminger an „Die Ebenen“ vum Gerald Murnane. Déi Bicher sinn op eng gutt Manéier just mat sech selwer an dem eegene Sujet beschäftegt. Et gëtt net gekuckt, wat grad aktuell ass oder wat gutt ukomme kéint, am Géigendeel: Se sinn obsedéiert mat hirem Thema / hirer Sprooch a gi kee Kompromëss an, gläichzäiteg packe se et, datt een als Lieser matgeet. Et si keng „gefälleg“ Bicher, bei deenen een den Androck huet, datt si bei all Wuert Richtung Lieser luussen, fir ze kucken, ob déi Zeil elo gutt ukënnt.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwen op Lëtzebuergesch an Däitsch. Hannert deem Choix steet keng Strategie. Et waren intuitiv déi Sproochen, an deenen ech Loscht hat, mech auszedrécken. Hätt ech a Frankräich studéiert an net an Däitschland, hätt et gutt kënne sinn, datt ech elo eben och op Franséisch géif schreiwen.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Et ass ee Sachbuch, dat d’Relatiounen tëscht de Länner Lëtzebuerg an Éisträich virstellt, also déi kulturell, historesch, gesellschaftlech Lienen. Ech hunn dofir Gespréicher mat Leit gefouert, déi biographesch oder professionnel an där Hisiicht interessant sinn. Den Herausgeber vum Buch ass d’Österreichische Botschaft Luxemburg.

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

Ech géif soen: routinéiert onreegelméisseg, heiansdo schreiwen ech e puer Woche guer net, dann nees méi kompakt an intensiv, deen een Dag all dräi Stonne fir zwanzeg Minutten, deen aneren Dag da véier Stonnen um Stéck, besonnesch dacks owes an nuets; ni, ni, moies an ëmmer bei mir doheem, dacks mat Musek am Hannergrond (awer ni mat däitsche Lyrics); déi Bistro-ech-inspiréiere-mech-un-de-Leit-Mentalitéit gëtt mir näischt, am Café / op Terrasse sinn ech dacks fir ze liesen. 

Virum Schreiwe plangen ech (leider) ni, et ass éischter sou, datt ech ze spéit mierken, datt ech nach keng Iwwersiicht hunn an dann ufänken, mir eng Struktur / eng Timetable z’iwwerleeën an déi live an den Text z’implantéieren, un deem ech awer déi ganzen Zäit weiderschreiwen, een zimmleche Kuddelmuddel, deen ech awer ganz gären hunn, well den Text flexibel bleift, well een ëmmer nees kucke geet, wéi een dat virdru formuléiert huet, ob dat elo nach ëmmer klappt oder ob een eppes ëmstelle muss, insgesamt ass dat fir mech mat dat Wichtegst: ëmmer nees luusse goen, wat ee schonns geschriwwen huet, keng Angscht hunn, eppes ze läschen oder ëmzeschreiwen (oder an een anert Word-Dokument ze kopéieren) an dat, wat ee scho geschriwwen huet, mat deem ze koordinéieren, wat een nach schreiwe wëll.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Sech déi eege Loscht um Schreiwe net verdierwe loossen. Sech net un deem ausriichten, wat aner Leit (oder de Marché oder d’Literaturkritik oder d’Frënn) gutt oder interessant fannen. Vill schreiwen, vill fir sech schreiwen, net alles direkt publizéieren. Vill kierzen. (Déi meescht Texter sinn ze laang, dëse warscheinlech och.) Vill liesen. Villes leie loossen, e puer Méint oder Jore méi spéit driwwerkucken an iwwerleeën, ob et nach eppes daacht. Sech vun de richtege Leit (et sinn der ëmmer just ganz wéineg) kritiséiere loossen an déi Kritik unhuelen. Déi aner Leit an hir Interventiounen ignoréieren. Luef a Präisser an Applaus net allze eescht huele respektiv verhënneren, eleng doriwwer de Wäert vum eegene Schreiwen ze definéieren. Sech op engem techneschen Niveau hannerfroen (also a Bezuch op d’Architektur vun enger Geschicht, op d’Qualitéit vun der Sprooch, d’Logik vun der Handlung, d’Beschreiwung vun de Figuren etc.), sech awer ni op engem prinzipiellen Niveau hannerfroen. 

Interview mam Melitta SCHUBERT

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Natürlich, geradlinig, positiv

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ich bin ja keine Schriftstellerin, war aber die Ideengeberin und damit Herausgeberin des Buches „Österreich und Luxemburg im Dialog“. Es hat mich fasziniert und begeistert, auf wie viele ganz unterschiedliche Verbindungen zu Österreich ich hier in Luxemburg gestoßen bin. Von der Geschichte, über den Sport, die Literatur, die Wirtschaft – um nur einige Bereiche zu nennen – bis hin zu Straßennamen. Eine unglaubliche Vielfalt. Das hat mich dazu inspiriert, das alles zunächst zu sammeln und dann in einem Buch zu verarbeiten.  

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Mein Beruf ist die Diplomatie. Ich bin die Botschafterin Österreichs im Großherzogtum Luxemburg. Das ist eine recht zeitintensive Tätigkeit. Den Ausgleich dazu suche ich eher in der Musik, im Sport bzw bei der Bewegung in der Natur.   

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Es geht in dem Buch „Österreich und Luxemburg im Dialog“ darum, wie schon oben erwähnt, die so zahlreichen und sehr unterschiedlichen Bezugspunkte zu Österreich in Luxemburg in anschaulicher und übersichtlicher Weise darzustellen, wobei wir letztlich eine Auswahl aus dem sehr umfangreichen Material, das ich zusammengetragen hatte, treffen mussten. Es ist das Ergebnis der fast zweijährigen Arbeit eines tollen Teams mit Samuel Hamen als Autor (er führte die Gespräche und verfasste daraus die Texte), Christof Weber als Fotograf, dem Graphikbüro Rose de Claire als Verantwortliche für die Graphik und den Editions Guy Binsfeld als Verlag sowie mit vielen weiteren Menschen, die uns auf Verbindungen aufmerksam gemacht und das Projekt begeistert unterstützt haben (ua auch finanziell – hier gebührt ein besonderer Dank den Sponsoren Fa. Ceratizit und Stadt Luxemburg). 

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Mein Rat generell an junge Menschen wäre, sich auf die Suche nach den eigenen Talenten bzw Begabungen zu machen und ihren Träumen zu folgen. Macht das zu Eurem Lebensinhalt, was Euch wirklich begeistert. Das ist vielleicht nicht immer ein einfacher Weg, aber er lohnt sich. Wichtig dabei ist, sich selbst treu zu bleiben. 

Retourner