Presentatioun vum CLEVER

beim Här Staatssekretär Camille Gira

De Mëtteg war eng Delegatioun vum Creative-Lab Team beim Här Staatssekretär Camille GIRA fir eise CLEVER (Creative-Lab Electric Vehicle Energy Reloader), eng richteg “smart” Borne fir Elektro-Autoen op ze lueden, vir ze stellen.

D’Grond-Iddi ass déi, fir déi disponibel Energie kenne clever an ze setzen an d’Autoen zu Zäiten wou méi Energie disponibel ass wéi der gebraucht gëtt, ze lueden. Dëst mëscht virun allem Sënn a Kombinatioun mat enger Solar-Anlag, ma och ouni esou eng Anlag kennen dës Type vu Bornen mat derzou bäidroen fir d’Netz net ze iwwerlaaschten.

Retourner