Pit SCHLECHTER

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sinn 73 Joer al. Ech hunn eng Fra, zwee Kanner a véier Enkelkanner. Ech wunnen um Land, a gär.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Mat em déi 70 Joer hunn ech ugefaang – éischter fir mech ze ameséieren – eng Rei vu pittoresken Ausdréck, lëschtegen Erliefnësser, Erënnerungen, sproochlechen Assiatiounen asw., déi ech als kuerz Notize gesammelt hat, zu Texter zesummenzesetzen. D’Famill an e puer Bekannter hunn déi Texter flott fonnt, a wéi ech der genuch zesummen hat fir e klengt Buch, hunn ech och direkt e Verlag fonnt, deen d’Texter wollt publizéieren.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Fänk net un, mat grousse Wierder iwwer grouss Gefiller ze schreiwen. Probéier léiwer mat méiglechst ville konkreten Eenzelheeten eppes Alldeegleches ze beschreiwen: eng Saach, eng kuerz Zeen o.ä., esou datt ee seet: dat do ass genee richteg, oder: dat do hunn ech nach ni esou gesinn, oder: dat do ass witzeg an originell. No a no kann een sech dann och u méi laang Texter ginn. Wichteg ass net den Inhalt, mee d’Aart a Weis, wéi een deen Inhalt erëmgëtt.

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Doutsécher kann nëmmen eng ganz kleng Minoritéit vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vum Schreiwe liewen, an zu Lëtzebuerg bestëmmt keen. Als pensionéierte Professer brauch ech mer iwwer en Akommes keng Suergen ze maachen.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat?

Ech mengen net, datt een onbedéngt eppes vu mir muss gelies hunn. Déi zwee Texter Gesondheet Musik gefale mir selwer ganz gutt. Wien allerdéngs léiwer en Text huet, deen och eng Ausso oder e Message enthält, soll Altersheim liesen. Dee weist, datt een och am Alter nach Freed um Liewe kann hunn, wann een sech net onbedéngt un dat hält, „wat sech gehéiert“.

Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Ech denken do un de Saz : Et gëtt jo méi där schéiner Nimm ewéi Kazen, deenen een se kéint ginn. Dat kléngt op där enger Säit wéi eng Erkenntnis, déi zënter jeehier zur Allgemengbildung gehéiert, mee et heescht jo eigentlech guer näischt oder egal wat. Mir gefällt och de Rhythmus vum Saz.

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

D’Freed um Spille mat der Sprooch an d’Bewonnerung vum immense Räichtum vum Lëtzebuergeschen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Et gëtt e puer Schrëftsteller, deenen hir Aart a Weis fir ze schreiwe mer richteg gutt gefällt an déi mech domat natierlech och inspiréieren. Eng grouss Roll spillt och, datt ech mech als Mataarbechter vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire regelméisseg intensiv mat der Sprooch beschäftegen an esou ëmmer erëm op nei Ideeë kommen.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Fir ze schreiwe sëtzen ech virum Computer. Ech muss an där richteger Stëmmung sinn, mee et ass awer net esou, wéi wann et dobäi misst no faulen Äppel richen oder datt ech am Hannergrond misst Radio Lëtzebuerg héieren.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Fir mäin éischt Buch hunn ech siwwenzeg Joer gebraucht, ech si mer net sécher, op ech an deenen nächsten 10 Joer eppes Brauchbares op de Pabeier kréien.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Glécklech ass een all Kéier, wann ee sech bewosst driwwer freet, datt et engem gutt geet.

Retourner