Michel PAULY

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Historiker – politesch interesséiert – Chrëscht

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ech gesi mech net als Schrëftsteller, mä als Wëssenschaftler, dee probéiert, d’Resultater vun der historescher Recherche op eng verständlech Manéier engem gréissere Publikum ze vermëttelen.

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Ech wor Geschichtsproff an engem technesche Lycée an dono Proff op der Uni Lëtzebuerg. Haut sinn ech pensionéiert. Ech hat doduerch d’Chance, meng privat Interessien kënnen zu mengem Beruff ze man.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Ech sinn interesséiert mäi Wëssen mat aneren ze deelen. Dofir sinn ech Prof ginn; dofir schreiwen ech Bicher an Artikelen; dofir schaffen ech mat bei der Zäitschrëft forum, déi ech matgegrënnt hunn.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

Als Wëssenschaftler an Historiker huet ee seng speziell Fuerschungsgebidder. An dene Beräicher stéisst een entweder selwer op Quellen, déi ee nei kann auswerten, oder et gëtt een invitéiert, op engem Colloque zu engem bestëmmten Thema e Virtrag ze halen, oder déi heiteg Gesellschaft werft Froen op, op déi een an der Vergaangenheet eng Äntwert sicht.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Als Wëssenschaftler hunn ech net individuell Virbiller, déi mech inspiréieren. Je no Thema huelen ech meng Inspiratiounen oder Modeller bei verschiddenen Historiker. Fir dat Buch iwwert d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg, dat elo op der short list steet, hunn ech mech e. a. inspiréiert un engem relativ neien Trend an der Geschichtswëssenschaft, dee material turn genannt gëtt an dee nieft de klassesche schrëftlechen Dokumenter oder de Biller Saachen, Objeten, als Quell erunzitt, fir d’Geschicht vun der Stad ze schreiwen.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwe ganz gär op Lëtzebuergesch. Mä well vill Leit déi Sprooch net kënnen oder net gär liesen, schreiwen ech meeschtens op Däitsch oder Franséisch, och well vill vu mengen Artikelen am Ausland publizéiert ginn.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Wéi den Titel et seet, geet et ëm d’Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg vun der Steenzäit bis an d’21. Joerhonnert an zwar un Hand vu 99 dräidimensionalen Objeten. Domat versichen ech, en Abléck ze ginn an d’Alldagsliewen, an d’politesch Prozesser, an d’ekonomesch Entwecklung, an déi kulturell a reliéis Praktiken, an den Opbau an den Ausbau vun der Stad, an d’Chancen an d’Suerge vun de Mënschen, déi hei gelieft hunn a liewen. Gläichzäiteg weisen ech op Lakünnen an onsem Wëssen hinn a bidde kuerz Literaturhiweiser, fir dass Student:innen kënne weiderfuerschen.

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?
  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?
  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?
  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?
  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?
  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?
  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?
  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?
  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?
  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Dat ass eng gutt Fro, well ech si grad am gaang e neit Buch wëllen ze schreiwen. Dofir hunn ech fir d’éischt eng ganz Recherche misse man, an den Archiver, an de Bibliothéiken, um Internet. Dovun hunn ech mer Notize gemaach, déi ech elo muss sënneren. Ech hu mer och schonn eng Struktur ausgeduecht, wéi dat Buch misst opgebaut ginn. Mä et feelt mer nach den éischte Saz, mat deem ech un d’Schreiwe kommen.

Wann ech dann am gaang sinn, schreiwen ech all Dag wou ech Zäit derfir hunn, wart elo an der Pensioun méi einfach ass wéi virdrun wou ech vill aner Obligatiounen hat (Course ginn, Projeten ausschaffen a verwalten, asw.). Fréier hunn ech fir d’éischt en Text op der Hand geschriwwen a verbessert an da getippt a wann ee sech vertippt hat, huet een déi ganz Säit misse nei tippen. Haut tippen ech direkt an de Computer. Dann ass d’Verbessere vill méi einfach. Dat alles geschitt doheem a mengem Aarbechtszëmmer wou ech och meng Bibliothéik direkt ronderëm mech hunn fir kënnen nozeschloen. Well als Historiker erfannen ech jo keng Geschicht, mä muss all meng Aussoen kënne beweisen. Dat ass och déi gréisste Schwiregkeet beim Schreiwe vun engem wëssenschaftleche Buch: dass ee seng Ideeë ka logesch beleeën, spou dass de Lieser se ka novollzéien.

Fir mäin éischt Buch, dat 1990/92 als Dokteraarbecht erauskomm ass, wor ech bal 10 Joer am gaang, fir mäin zweet Buch, dat 2007 eng Habilitatiounsthees war, hunn ech 5 Joer gebraucht a fir dat Buch iwwert d’Stad Lëtzebuerg, dat op der short list steet, wor ech just zwee Joer am gaang, well et zum Deel de Resumé vu ville Fuerschungen ass, déi ech scho méi laang am gaang sinn ze man. An ech hu vun der Covidkris profitéiert, wärend där ee soss net vill konnt man.

Natierlech iwwerliesen ech en Artikel oder och e Buch ëmmer ir ech et un den Herausgeber oder de Verlag schécken. Mä virun allem ginn ech all Text ëmmer engem Kolleg ze liesen, fir dass dee mer e kritesche Feedback gëtt, well een seng eege Feeler, och inhaltlecher Natur, dacks net gesäit. Doriwwer eraus huet e gudde Verlag och e seriöt Lektorat, dat de Manuskript souwuel inhaltlech wéi sproochlech kritesch liest a mam Auteur driwwer schwetzt, ir et gedréckt gëtt.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Wann ee fir e Sujet passionnéiert ass, kënnt d’Loscht, e mat aneren ze deelen, also als Artikel oder Buch ze publizéieren, bal vum selwen. Mä da soll ee sech fir d’éischt gutt informéieren a vun engem Drëtten säin Text kritesch liese loossen, ir een ze fréi dermat an d’Öffentlechkeet geet.

Retourner