Mérite Jeunesse

Am Kader vum “Mérite Jeunesse” hu 6 Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers hir éischt Expeditioun op Gold Niveau hannert sech.
D’Expeditioun war vum 15/06/2024-18/06/2024. D’Schüler sinn den éischten Dag vu Bauschelt op d’Boukelsser Mille getrëppelt. Den zweeten Dag vun der Boukelsser Millen op Noumer an den drëtten Dag weider bis op Konsdref. De véierten Dag goung et vu Konsdref bis op Rousport.
Nuets hu si um Camping an hiren Zelter geschlof an hunn hir Verpfleegung ëmmer mat sech gedroen.
Si hu lëschteg Momenter matenee verbruet, zesumme gelidden an et si flott Frëndschaften entstanen.
D’Schüler sinn am ganzen 87 km getrëppelt!

Mir felicitéieren all de Schüler, déi matgemaach hunn, zu hirer Leeschtung.

Fotoen
Retourner