Marc WEYDERT

mam Marie-Isabelle Callier (Illustratioun)

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech sinn de Marc Weydert, 45 Joer al, bestuet a Papp vun dräi Meedercher. Ech si vu Beruff aus Diplompedagog a Schoulmeeschter a schaffen am Educatiounsministère un neie Schoulbicher fir d’Lëtzebuerger Grondschoul. De Moment liewen a schaffen ech zu Lëtzebuerg, mä ech hunn awer schonn eng Rëtsch Jore mat der Famill an anere Länner verbruecht well meng Fra Diplomatin am Ausseministère ass a mir duerfir reegelméisseg an d’Ausland plënneren.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaangen mat schreiwen a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

Do muss ech ëm déi 42 gewiescht sinn. Am Ufank hat ech net geplangt, e Buch ze schreiwen, mä einfach nëmmen ze probéieren, ob ech dat och kéint, wat anerer an anere Sproochen oder op Lëtzebuergesch fäerdegbréngen. Mäin Ëmfeld huet et, mengen ech, witzeg fonnt, datt ech géif schreiwen, allerdéngs kann ech mir virstellen, datt ech hinnen all och alt mol op de Geescht gaang sinn, mat Demande fir nozelauschteren oder nozeliesen.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonken Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Trau dech
a probéier !
Du hues eng Iddi ?
Schreif se néier!

Duerno kanns de se roueg e bësse mautsche loossen. Oder, fir et mat engem Extrait aus engem vu mengen (neien) Texter ze soen :
„Wat ass d’Moral vun der Geschicht?
Gëff nimools op, maach weider, sich!

Well enges Daags fënns du bestëmmt deng Vocatioun, deen Dag, dee kënnt!“

Kennt Dir vum Schreiwen liewen oder hutt Dir nach een anere Beruff? Wa jo, wéi een?

Wann een op Lëtzebuergesch schreift, da schreift ee fir e relative klenge Marché vu Lieser. A wann een d’Chance huet, een Editeur ze hunn, dee sech ëm den Drock, d’Publicitéit an d’Distributioun këmmert an dofir bezilt, da muss een och d’Accord sinn, datt den Editeur (an d’Librairen, déi jo d’Buch verkafen), hir Sue mussen zréckkréien (respektiv eppes drop verdéngen). Deemno mengen ech net, datt een Auteur, deen op Lëtzebuergesch schreift, dovunner ka liewen. Ausser, e schreift ganz, ganz vill oder e publizéiert säi Buch selwer a verkeeft et herno zu dausenden Exemplairen.
Ech hunn een “normalen”, gereegelte Beruff, sou datt ech net op d’Bicherschreiwen ugewise sinn. Et mécht awer Freed ze gesinn, wa seng Bicher sech gutt verkafen.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Lieblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Text: Hey Miri…?
„Dir wësst …“, sou äntwert d’Miri hir,
„déi Schéinst am Land sidd … laang net Dir! D’Schnéiwittchen, dat ass vill méi aartlech, vill méi léif a méi sympathesch!
Hatt gouf méi wéi Dir geliked,
vläicht … well et mat kengem streit?
An de Jeeër zielt d’Geschicht,
datt hatt och VILL besser richt!

Firwat “Hey Miri…?” liesen?
Wéinst dem Anachronismus am Text (déi béis Stéifmamm mat hirem Smart-Spigel, de moderne Vocabulaire aus de soziale Medien an de stëbsege Kontext vum Märerchersschlass)

Text: Hexerei
An dann ass nach eng Saach wichteg: Wien eng Hex wëllt sinn, muss richteg Hexenzoppe kache kënnen,
mat vill Knuewelek, mat vill Ënnen, Schlaangenaen, Spannebeen, Schleekeschläim an, ganz extreem, Méckepup an Héngerféiss,
an och ganz vill fault Geméis.

Firwat “Hexerei” liesen?
Well deen Text immens gutt bei Kanner ukënnt, besonnesch natierlech deen zweetleschte Vers vun dëser Strof.

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Ech spillen immens gär mat der Sprooch, an, vu datt meng Texter reimen, ass dat eppes, wat ech permanent esou bëssen als Training am Kapp maachen, als Therapie. Ech hunn eng witzeg Iddi a scho setzen ech mir selwer den Challenge, déi Iddi a Versform ze paken an, beschtefalls, eng Geschicht draus ze maachen.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Dat, wat ech erliewen, dat, wat ech gesinn, dat, un dat ech grad denken.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Ritualer hunn ech keng. Ech schreiwen, wann ech eng Iddi hunn a wann ech Loscht hunn. Do gëtt et keng Definitioun. Dat kann all Moment sinn. Jee no Stëmmung.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Hui, dat ass eng laang Zäit☺Ech géif soen, weider kreativ ze bleiwen an op fir nei Iddien ze sinn, mat deene Leit weiderhin zesummeschaffen ze kënnen, mat deenen ech bis elo am Bichermilieu erfollegräich war, interessant Leit kennen ze léieren, mat deenen ech un neie

Projeten zesummeschaffe kann, de Kontakt mam Public net ze verléieren … an datt een an 10 Joer nach vun de Verdruddelte Geschichte schwätzt☺

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Zefridden an dankbar ze si fir dat, wat een huet, an d’Méiglechkeeten ze gesinn, fir och anerer dovunner profitéiere loossen ze kënnen.

Retourner