Marc WEYDERT & Marie-Isabelle CALLIER

Interview mam Marc Weydert:

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

kreativ, onkomplizéiert, lëschteg

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Well eis Kanner en Deel vun hirer Schoulzäit an Amerika verbruecht hunn, hu si fréi Englesch geléiert. Ech hunn hinnen dacks owes Geschichte virgelies, op Englesch, an eng Kéier waren och dem Roald Dahl seng “Dirty Beasts” derbäi. Dobäi geet et ëm eng Zort verdréinte Märercher, Contes détournés seet een am Franséischen, an ech hu mech gefrot, ob dat och op Lëtzebuergesch géif funktionéieren. An dunn hunn ech einfach probéiert, awer guer net mam Zil, e Buch draus ze maachen.

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift  schreiwen?

Schreiwen ass en Hobby fir mech. An eng Zort “Therapie”. Et erlaabt mir, rëm e bësse Kand ze sinn, Saachen ze soen an ze schreiwen, fir déi een als Erwuessene mengt, et wier een ze al dofir. Mä dat ass net onbedéngt wouer. A jidderengem ass (hoffentlech) ëmmer nach e bësse Kand.

A mengem Beruff hunn ech dacks och mat Kanner ze dinn, awer och mat Enseignanten. Ech schaffen als Directeur adjoint an der Schouldirektioun vum Ministère fir d’Stad Lëtzebuerg. Dat ass ee flotten an ofwiesslungsräichen Job, awer och een ustrengenden. An esou sinn ech ëmmer rëm frou, wann ech owes kann heemkommen a schreiwen. An heinsdo entstinn dobäi ganz flott an nei Iddien.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Et ass eng flott Geleeënheet, ofzeschalten, an trotzdem eppes fir d'(Lies-)Gesellschaft ze maachen.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Alles! Heinsdo kréien ech Iddien iwwert dem Autofueren. Duerfir hunn ech och normalweis en Notizblock an e Bic bei mir.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Den amerikaneschen Auteur Jeffery Deaver (well seng Krimien zum Schluss ëmmer e bësse verdréint sinn, sou wéi meng Geschichten) oder de Jo Nesbö, well seng Romaner einfach spannend sinn.

7. Op wéi enger Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Op Lëtzebuergesch, well ech ebe wollt probéieren, ob dës Zort Texter och an eiser Sprooch géif funktionéieren. Ech schreiwen awer och vill Kannerlidder op Franséisch, well ech deelweis un deenen neie Franséischbicher fir d’Grondschoul matschaffen.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de  Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

“Zerknujelt Geschichten” ass eng Sammlung vun 10 Texter, an deenen et ëm ganz bekannte Märercher, Legenden, Seeërcher geet, déi awer iergendwéi anesch sinn, wéi gewinnt: entweder ass de Schluss anescht, oder et dauche Personnagen dran op, déi näischt am Original verluer hun, oder, oder…. Virun allem ganz bekannt Lëtzebuerger Personnage ginn an dësem Band behandlet: de Roude Léif, de Kropemann, d’Maus Ketty, …

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Ech schreiwe meng Iddien op a probéieren, se mat enger bekannter Geschicht ze verbannen. Duerno kënnt dee méi schwéieren Deel, wou et drëm geet, dat Ganzt a Versform ze schreiwen.

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Neen.

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Normalerweis um Computer, mä je no Situatioun och einfach op Pabeier.

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

Ech probéieren, meng Iddien opzeschreiwen, wa se kommen. Soss si se op eemol fort.

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Déi entsteet no an no.

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

1 Joer Minimum. Well et muss ee jo och mat engem Editeur zesummeschaffen.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Jo. E war net sou gutt wéi déi aner. Mä e läit nach do a kann nach zu eppes ginn.

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Da waarden ech bis déi nächst kënnt 🙂

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Méi wéi eemol!

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Selwer zefridde mam Endprodukt ze sinn an duerno e gudden Editeur ze fannen.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Trau dech a schreif.

Vergiess awer net, nozeliesen, an awer och anerer ze froen, däin Text nozeliesen.

Merci fir den Interview! Dat war ganz flott!

Marc Weydert

Retourner