Luxfilmfest

Dëst Joer hat d’Klass 4TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers fir d’éischt d’Geleeënheet, mam Luxfilmfest zesummenzeschaffen.

🎬 An Zesummenaarbecht mat der Classe d’Accueil hunn d’Schüler e 5-Minutte-Kurzfilm zum Film “Tell Them About Us” aus der Programmation scolaire realiséiert. D’Schüler hunn eng ganz Rei kreativ an technesch Erausfuerderunge gemeeschtert: Si hunn Interviews gefouert, e Fotoworkshop organiséiert an eng fiktiv Zeen nogestallt.

🎥 De 6. Mäerz am Kino UTOPIA an den 10. Mäerz am Kinossall vum CNA krut d’Ëffentlechkeet d’Resultat an de Werdegang vun hirer intensiver Aarbecht presentéiert. Dëse Projet war net nëmmen eng wäertvoll Léiererfarung fir d’Schüler, mee och eng Geleeënheet, hir Kreativitéit a Filmkompetenzen ze entwéckelen.

E grousse Bravo fir eis Schüler:
(4TPTI) Costa da Silva Miguel, Ferro Janis, Michels Ben, Serrig Pit, Staus Tom, Varela Bruna
(ACCU1) Jafari Kumail Ahmad, Jimenez Angel Valentina, Lunkes Leopoldo do Nascimento Felipe a Salazar Diaz Ana Katalina.

Esouwéi un hir Enseignentë fir d’Ënnerstëtzung: Anne Diederich (Organisatioun a Koordinatioun), Jennifer Heuertz (Régente Classe d’Accueil), Serge Benassutti (Hëllef bei den Opnamen am Studio) a Philippe Dauphin (Hëllef beim Workshop).

Mir sinn houfreg op d’Engagement an d’Kreativitéit vun eise Schüler an Enseignanten a freeën eis op weider spannend Projeten!

📷© Margaux Gatti, Max Vocatura

Fotoen
Retourner