Luc FRANCOIS

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Gär mol chaotesch.

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd? 

Mir war als Schüler eemol langweileg an niewt mir luche puer Bicher, also duecht ech mir: „Wisou net?“ Um Ufank war et ustrengend, mee mat der Routine ass dann emmer méi Freed um Schreiwe komm. An iergendwéini war et net méi aus mengem Liewe wechzedenken.

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff? 

Ech si Programméirer, maachen awer niewt dem Schreiwen och nach Musik.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Mech motivéiert den Austausch. Awer net just den direkten Austausch mat de Lieser oder aneren Auteuren, och den Austausch vun Iddien wann ech selwer Bicher liesen a spéider meng eegen Iddien nidderschreiwen. Ech fannen dat einfach enorm, wéi vill ee léieren, u sech schaffen an och anere Leit matdeele kann, andeems een duerch e Buch bliedert oder selwer op e Blat Pabeier krozelt. 

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Ech denken, eng wichteg Stäip fir meng Kreativitéit ass et, selwer vill Konscht ze konsuméieren an ze analyséieren. Doduerch sammelt sech deels bewosst, deels ennerbewosst e Fong un Themen an Techniken un, aus dem heinsto aus dem Näischt eng Iddi erausspruddelt. Aner Kéieren ginn ech awer och bewosst tauchen, wann ech zum Beispill en Thema hunn a rausfanne well, wéiee Stil oder wéieng Stemm dozou passt.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Ech hu quasi alles vum Haruki Murakami gelies – an dat ass vill. Seng Art ze schreiwen huet eng bal scho banal Liichtegkeet, déi ech erfreschend fannen. Dobäi fannen ech vill vu sénge Bicher net mol sou super, ech kann awer lo schlecht een aneren Numm hei nennen, wann ech kee Buch vun em ausloossen. Ech géif dann awer och nach gär den Naoki Urasawa ernimmen, dem seng Manga-Serien e faszinéirende Spagat tescht Buedemstännegkeet a Suspense schloen, dat Menschlecht emmer wäit no vir réckelen, an iergendwou suguer nach Plaz fir Humor loossen. 

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwe bal alles op Däitsch, bei menge Liddertexter wiesselen ech awer an d’Englescht, well sech dat fir mech méi natierlech ufillt. Dat huet sech ganz einfach doduerch erginn, dass ech schon als Kand haaptsächlech op Däitsch gelies a Musik eben op Englesch gelauschtert hunn.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

A „Wasserstand“ geet et em e Kärel, dee selwer e Buch schreift an domat als Auteur well unerkannt ginn. Mir kucken him iwwer d’Scheller, kréien awer och direkt Ablécker a säin eegenen Text – eng Zort Thriller. Dass béid Geschichten net isoléiert vuneneen existéieren, kann ee sech hei schonn denken. Fir ze gesinn, wéi genee se sech beaflossen, muss een awer selwer och besse maträtselen.  

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus? 

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Dat ännert quasi all Kéiers. Heinsto schreiwen ech e graffen Emress op, heinsto gett et souguer e präzise Plang. D’Approche muss zur Geschicht passen. Bei „Wasserstand“ war et zum Beispill méi sou, dass ech e staarke Flow wollt, an dofir hunn ech d’Geschicht ouni Plang dreiwe gelooss.

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Leider net, dofir feelt d’Zäit. Ech probéiere meeschtens ze schätzen, wéi vill Zäit ech fir eng bestemmt Geschicht oder en Deel dovu brauch, an da raumen ech mir fir sou a sou vill Wochen oder Méint de Kalenner sou eidel wéi méiglech. Duerno muss ech mech dann emmer eng Zäitchen em déi aner Saache kemmeren, déi ech vernoléissegt hunn. Ganz oder guer net, souzesoen.

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Jo, ech schreiwen emmer um Computer a benotzen dofir meeschtens Scrivener beim Schreiwen, wiesselen am Laf vum Editing awer riwwer op Word, soubal sech un der Struktur net méi vill deet.

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

U sech schreiwen ech emmer doheem an der Stuff um Laptop. Roueg ass et beim Schreiwen awer ni sou wierklech: Ech sinn et gewinnt, dobäi Musik ze lauschteren. An déi ass nawell gär méi ruppeg an haard.

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Déi ganz Geschicht, bis an de leschten Detail, haat ech bis elo just eemol virbereed – dat war eng länger Kuerzgeschicht mat Zäitreesen, wou sou eng Virbereedung bal schonn obligatoresch ass fir net duercherneen ze ginn. Soss schaffen ech éischter méi graff an hu verschidden Orientéirungspunkten, déi ech spontan versichen mateneen ze verbannen.

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

Dat variéiert ganz staark. Un „Ikaria“ hunn ech zum Beispill joerelaang gedoktert, „Wasserstand“ huet fir den éischten Entworf just e gudde Mount gebraucht. Verschidde Geschichte brauche Pausen, anerer profitéieren dovun, wa se um Stéck geschriwwe ginn. Et dierf een awer och d’Editing net vergiessen. „Wasserstand“ hunn ech sou heefeg iwwerlies, dass ech et eng Zäit bal auswänneg opsoe konnt.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Net just eemol. „Mein ewiger Winter“ hunn ech zweemol komplett geschriwwen an dotescht nach 3-4 Versiounen no enger ganzer Retsch Kapitelen ofgebrach. Och „Wasserstand“ hunn ech zweemol geschriwwen, well mir an där éischter Versioun puer Saache grondsätzlech net gefall hunn. Als Auteur sollt ee keng Angscht virum Pabeierkuerf hunn. Soss traut ee sech manner fir nei Iddien auszeprobéieren. 

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Dee Luxus hunn ech leider vill ze seelen. Do kinnt ech jo da gudde Gewessens eemol glat a guer näischt maachen. Fir déi nächst Joere si scho rem allerhand Saachen an der Pipeline, déi quasi fäerdeg sinn, et wär also guer net sou schlemm. Heinsto feelt awer effektiv mol d’Loscht, sou vill Zäit an d’Schreiwen ze stiechen, da maachen ech Musik, kucke Filmer, liesen oder spille Videospiller.

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Éischter fennef- oder zéngmol, soss stemmt herno hannen a vir näischt. Beim Schreiwe well ech séier sinn a keen Experiment ausloossen fir der Geschicht méiglechst vill Substanz ze ginn. Duerno läit dann en zimmlech décke Koup viru mir, wou och vill Blödsinn dran ass. Et geet dann drems, de Quatsch auszezortéieren, ouni dass en um Rescht hänke bleift.  

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

E Buch ze schreiwen, ass opwänneg. Entspriechend muss ech als éischt d’Privatliewe sou zortéiert kréien, dass iwwerhapt genuch Plaz dofir do ass. A suguer wann dat klappt, ass den Akku séier eidel, wann nom Schaffdag emmer nach puer Stonnen um Buch gebastelt gett. Dat kann op Dauer batter an d’Aa goen, et muss een also wierklech op sech selwer oppassen.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Virum Schreiwe kennt emmer d’Liesen. Ech selwer hu mech awer vill ze laang nemme fir déi Genren interesséiert, déi ech och selwer geschriwwen hunn. Dat ass iergendwann latzeg ginn, a meng eeler Texter fannen ech haut zimmlech fad. Mir huet et immens gehollef, méi wäit sichen ze goen: Literatur aus anere Länner, onbekannt a méi ontypesch Bicher, e puer Klassiker, wisou net direkt och Filmer, Videospiller, Musik – Konscht am Allgemengen. Den eegene Stil brauch Dünger! Ganz wichteg och: Schlecht Bicher. Wa mir eppes sou richteg op de Sou geet, da passen ech direkt besser op, net déi selwecht Feeler ze maachen.

Retourner