Kollektiv

privat Foto vum Anna Valentiny

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Häerzlech, zielstreebeg, ongedëlleg. 

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir Schrëftstellerin gi sidd?

Ech geng mech net als Schrëftstellerin bezeechnen, mee als Mënsch mat villen Interessen an engem entspriechend breeden professionellen Aktivitéitsradius. Dorënner fält och d‘Schreiwen, d‘Entwécklung vu Buchprojet‘en, awer och d‘Architektur, also den Entworf vu Raim fir ze liewen, ze schaffen… Ech hunn mäi Liewe laang gäre geschriwwen, dat huet schon mat Aufsätz, a méi spéit mat Dissertatiounen an der Schoul ugefaangen. An menger Kandheet a Jugend wollt ech villes ginn: Fir d‘éischt a laang Comiczeechnerin, dann Archeologin, méi spéit Journalistin. Ech hunn zu Wien ugefaangen Theater- Film a Mediewëssenschaften ze studéieren an hunn zimmlech séier an d‘Architekturklass op d‘Akadmie der Bildenden Künste gewiesselt, well ech no eppes méi praktesch orientéiertem gesicht hunn. Geschriwwen hunn ech di ganzen Zäit iwwer, virun allem Lyrik a Prosa. Mat der Architektur an dem Urbanismus hunn ech eent vu menge groussen Themen als Auteur fonnt an 2016 d‘Chefredaktioun vun der lëtzebuergescher Architekturzäitung, haut Schrëftenreih, ADATO iwwerholl. 2021 hunn ech de Verlag Point Nemo Publishing gegrendt.  

3. Ass Schrëftstellerin Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Ech sinn Architektin. Doriwwer eraus sinn ech Editrice an entwéckele Publikatioune fir an zesumme mat menge Client‘en a mengem Verlag Point Nemo Publishing. Ausserdeem schreiwen ech. Dobäi interesséiere mech besonnesch Erzielungen, Narrativer, Beobachtungen, mee och dem Interview Format kann ech vill ofgewannen. Ech ënnerhale mech gäre mat interessante Läit a schreiwe gären iwwert besonnesch Begéinungen an aussergewéinlechen Raim. 

4. Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net Schrëftstellerin wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Deen Moment geng ech gäre Filmer maachen… Regie. D‘beweegtend Bild, wéi en Text, wéi e Gebai an all Ausschnëtt, an all Bléck, Musek an Dialog vu Szene zu Szene duerchzekomponéieren, bis dass de Spectateur sech dora verléiere kann – dat geng mech interesséieren. Ech ginn immens gären an de Kino an e gouden Film, deen fir 2, 3 Stonne Raum an Zäit, mee doriwwer eraus och all Perceptioun vun sech selwer ausser Kraaft setzt ass fir mech perséinlech déi immersiivste Form vun der Konscht. 

5. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Momenter, wou ech eppes Besonnesches gesinn, spieren, héieren, empfannen, wat net alldeeglech ass. Dat kann en surrealen oder besënnlechen Moment sinn. Oder eben béides zesummen, wéi virun e puer Deeg, wou ech an enger Kierch zu Bréissel en automatiséierten Waihwaasserspender entdeckt hunn, postcorona-trei a speziell dofir entwéckelt, dass een ebe genau déi Quantitéit u geseentem Waasser kritt, déi ee fir eng Bekräizegung brauch, net méi a nët manner, an et kee Kontakt zu de Mikroben a Viren vu sengem Nächsten gëtt. Nodeems ech sou eng Geschicht an all Detail niddergeschriwwen hun, sinn ech mat mir an der Welt total am Rengen. 

6. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Wann ech duerch d‘Natur spadséieren oder duerch eng grouss Stat trëppelen komme mir Ideen fir ze schreiwen. 

7. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Ech liese vill ennerschittlech Auteure, mee wann ech e léiwstend Buch misst nennen, da wier dat säit villen villen Joren ëmmer rëm „Der Vorleser“ vum Bernhard Schlink. An letschter Zäit hunn ech vill vum Ferdinand von Schirach geliess. Doriwwer eraus liesen ech gäre  Krimi‘en, besonnesch vum Jo Nesbo. 

8. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwen op Däitsch, well ech mech am Däitschen am beschten ausdrécken kann. 

9. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

D’Buch “Traces – KUFA’s Urban Art Esch”, mat dem mir fir de Buchpräis 2023 nominéiert sinn, ass d’Resultat vun enger Zesummenaarbecht tëscht der Kulturfabrik Esch, mengem Verlag Point Nemo Publishing andem Studio Polenta. 

Et gëtt net deen „een Auteur“ op dësem Projet. Ganz vill Läit hunn an hirem Domaine un dëser Publikatioun matgewierkt an ech hunn mech als Editeur vum Buch em d‘Conceptioun gekëmmert an hunn di verschidden Acteuren, vun de Fotographen, iwwert d‘Auteure vun den  Essaie bis hin zu de Graphikdesigner organiséiert.  

Ech hunn verschidden Auteuren ageluede un desem Buch ze schaffen an hunn mat hinnen zesummen un hiren Texter / Fotoe geschafft bis dass e stëmmegen Ensembel entstanen ass. Zesumme mat de Grafikdesignerinnen vun Studio Polenta gouf méi spéit de Layout, mee och d‘Haptik vum Buch entwéckelt. 

Dobäi hunn mir ëmmer rëm mat der Kulturfabrik Récksprooch gehalen, fir dass d‘Buch spéider eisen, awer och den Uspréch vun eisem Client gerecht gëtt.

10. Wéi gesäit Ären Alldag als Schrëftstellerin aus?

Keen Daach ass wéi den Aneren. Ech hunn eng grouss Fräiheet a menger Oarbecht an doduerch a mengem Kapp. Dofir schaffen ech vill an op all Stonn vun „kreativer Oarbecht“ kennt ganz vill des Aneren… vun Administratioun bis hin Budgetskalkulatiounen – dat ass an der Architektur an alle fräie Beruffer net anescht. 

13. Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen? 

Mol sou, mol sou. Verschidden Texter mussen um Pabeier geschriwwe ginn, fir dass een net vu E-Mailen oder anere Messagen ënnerbrach gëtt oder sech oflénken kann. Aner Saache kennen um Computer geschriwwe ginn. 

14. Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd? 

Ganz gären am Café ënner Läit mat White Noise „Rainstorm 10 Hours“ op den Oueren. 

18. Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

D‘Inspiratioun brauch ee guer net ëmmer beim Schreiwen. Oft muss een einfach just schaffen an heiansdo muss een sech ebeniwwerwanne fir ze schaffen, an vun Zäit zu Zäit packt een et net. Wann een also emol iwwerhaapt keng Loscht huet, ass et besser et sinn ze loossen, well dobäi sécher näischt Goudes eraus kennt. 

19. Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Wann d‘Buch/den Text „fäerdeg“ am Layout an Indesign ass, liesen ech et  immens oft duerch, vill ze oft warscheinlech, bis dass ech menge mer kenne sécher ze sinn, dass kee Feeler méi dran ass an all Formuléierung stemmt. Wann d‘Buch gedréckt virun mer läit, da kucken ech mer et neméi am Detail duerch, just nach an de grousse Linnen.  D‘Satisfaktioun op engem Projet ass fir mech déi gréissten, de Moment wann d‘Buch an den Drock geschéckt ginn ass. Wann ech bis weess, dass de Produit goud gëtt a mengen Erwaardungen entsprécht, dann ass de Projet fir mech „fäerdeg“ a wann d‘Buch da gedréckt virun mer läit, sinn ech emotional schon am nächste Projet. 

Retourner