Kerstin MEDINGER

1. Beschreift Iech an dräi Wieder! 

Frou mam Liewen.

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Mat 9 Joer hat ech d’Serie Geheimnis um vun der Enid Blyton fäerdeg gelies an du mat Schrecke festgestallt, datt déi Fra schonn dout wier a mir keng nei Bicher méi schreiwe kënnt. Duerch dësen éischte literaresch bedéngte Frust hunn ech verstanen, datt ech jo selwer eng Suite schreiwe kéint. Esou ass et ugaangen. Dee ganze Schreifprozess huet mir direkt immens Freed bereet. Natierlech wäert ech déi Jugendtexter ni publizéiere loossen. Mee ouni déi verschidden Experimenter wier ech och ni Schrëftstellerin ginn. Et schreift ee vläicht déi Bicher, déi engem feelen, déi ee Loscht hätt ze liesen.

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Ech si Schrëftstellerin, awer och Proff. Schreiwen erfëllt mech immens, mee ech sinn och gären um Terrain bei deene Jonken. Ech fille mech nëtzlech wann ech Franséisch a Spuenesch ënnerriichten, awer nach méi wann ech hinnen zousätzlech eppes mat op hire Liewenswee ginn. Wéi kritescht Denken a Liewensfreed. Déi zwee schléisse sech net aus.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Deelen! Geschichten ze deelen, fir hinnen eng Chance ze ginn an anere Käpp weider ze liewen, fir datt se net verluer ginn. 

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

D’Liewe selwer. D’Ongerechtegkeeten, d’Laache vun de Kanner, d’Kräische vun den Erwuessener, d’Stëllt. Alles kann inspiréieren, wann ee present ass a keng Etiquetten op dat setzt wat ee gesäit. Déi beschten Iddie komme mir beim Spadséieren oder am Gespréich.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

De Serge Brussolo ass mäi péché mignon. Komplett delirant. D’Natalie Goldberg ass ideal fir de Moral wann déi ënnerlech Kritik ze staark gëtt. Soss bleiwen ech och de Klassiker trei: dem Miguel de Cervantes fir d’Ironie, de Leopoldo Alas fir d’Beschreiwungen an de Victor Hugo fir d’Aktioun.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Den Ament schreiwen ech virun allem op Franséisch. Dat ass d’Sprooch, déi ech ënnerriichten, studéiert hunn, mat där ech vu Kand un a Kontakt war. Franséisch ass mäin Doheem. Poesie schreiwen ech op Spuenesch an Essayen op Englesch. 

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

„Le départ“ ass d’Geschicht vu 5 Marginalen: zwee onglécklech Teenager, eng eeler lesbesch Koppel an en desillusionéierte Schrëftsteller. Si all flüchte vu Lëtzebuerg, virum Reen, virun der Pandemie, dem groen Alldag. D’Simone an d’Lucie sprangen an eng rout Jeep a landen no e puer Deeg zu Toledo a Spuenien. Ënnerwee entdecken déi meescht wat d’Liewen hinnen nach ze bidden huet. 

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

Et leien iwwerall a menger Wunneng Notizzen. Soubal eng Iddi kënnt, schreiwen ech se op. Wann et nuets ass, stinn ech op a schreiwen d’Sätz of, déi grad am Kapp schwéngen. Doraus ergi sech Thematiken. Verschidden Obsessiounen: wat reegt mech op, wat geet mir op d’Strëmp? Op alle Fall muss als éischt op Pabeier gekrozelt ginn. Den Ufank vu „Le départ“ hunn ech op der Terrass a Südfrankräich op d’Récksäit vun enger Rechnung geschriwwen. All Support ass gutt. Eréischt an der zweeter Phas benotzen ech de Laptop. Net alles wat geschriwwe gëtt kënnt op de Maart. Dat ass och gutt esou. Et leien e puer Romaner a mengem Tirang an do sollen déi och bleiwen. Mee wann ech bis richteg ugeluecht hunn, da schreiwen ech den éischte Jet an zwee bis dräi Méint. Duerno muss nach vill dru gefeilt ginn, dat hëlt nees e puer Méint. Wéini et gedréckt gëtt ass awer eng aner Gei. Dat decidéiert d’Logik vum Marché a vun de lignes éditoriales.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Net lasszeloossen. Den Drang ze schreiwen net ze verdrängen, och wann et méi laang dauert bis ee sech traut domat an d’Ëffentlechkeet ze goen. An net ze denken, datt ee seng Zäit verluer huet. All Erfarung ass nëtzlech, all Wee mécht Sënn.

Retourner