Kamelleschmelz

Am Kader vun Esch2022 huet d’Kënschtlerin Trixi Weis de Projet „Kamelleschmelz“ an d’Liewe geruff. Hei sollen déi verschidden Etappe vun der Stolhierstellung a Miniatur gewise ginn. Amplaz vu Stol ginn an dëser Héichuewenanlag Kamellen hiergestallt.

Op Basis vun den adaptéierten Héichuewepläng vu Paul Wurth hunn sech eis Enseignantë vun der Mécanique an een Enseignant vun der Electro zesumme gedoe fir de „Skip“ ze bauen. D’Stécker hu si bal all selwer oder mat Hëllef vun engem 3D-Drucker hiergestallt. D’Klass 2TPMG huet och punktuell beim Zesummeschweesse vun eenzele Stécker gehollef.

Déi ganz funktionéierend Anlag ass ausgestallt fir de Public am „Ferro Forum“ vum 04.06. – 31.07.2022 (Freides 9h30, Samschdes 16h, Sonndes 16h)

Fotoen Video

©Trixi Weis/Video:Studio Frank Weber

Retourner