Josiane KARTHEISER

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Onofhängeg, (selbst)ironesch, virwëtzeg.

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ech sinn do ierflech virbelaascht. Mäi Papp huet och geschriwwen an d’ganz Famill huet vill a gär gelies. Ech hu Literatur studéiert, sinn du Journalistin ginn an hunn e puer Joer an engem Cabaretsensembel matgespillt an och fir dee geschriwwen. An esou ass et weidergaang …

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Ech hat en anere Beruff (fir d’éischt, wéi gesot, Journalistin, spéider hunn ech Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ginn), hunn also nëmmen niewelaanscht geschriwwen. An der Tëschenzäit sinn ech pensionéiert a ka schreiwe wann ech Loscht hunn. 

Wann ech net als Hobby geschriwwen hätt, wier ech wuel en anere Mënsch gewiescht. Ech hu keng Anung, wat dësen anere Mënsch als Hobby gehat hätt.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

D’Schreiwen ass fir mech an éischter Linn Kommunikatioun, ech schreiwen ëmmer mat de potenzielle Lieser am Kapp, deenen ech eng Geschicht verzielen oder mat deenen ech meng Iwwerleeungen a Gedanken deelen.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Iddie fënnt een iwwerall, et geet drëm, d’Potenzial vun engem Text an deem wat een erlieft, gesäit, héiert, an de Medie liest usw. ze spieren. Ech mengen, mir liewen an enger zimmlech duerchgeknallter Welt an do gëtt et vill méiglech Inspiratioun, besonnesch, wann een éischter satiresch schreift. Wichteg schéngt mer vrun allem, datt een d’Saachen aus engem eegene Wénkel, enger perséinlecher Perspektiv ugeet an net einfach eppes schreift, wat schonn Dausende Mol geschriwwe gouf. 

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Do wëll ech mech net festleeën. Et gi vill Auteuren, déi ech gär liesen an nach ganz vill Auteuren, déi ech emol nach net entdeckt hunn, ech géif also net gär e puer vun hinnen ervirhiewen, well jidderee sprécht een op eng aner Manéier un a kann ee begeeschteren a beräicheren.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwen op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Dee Choix huet sech aus der Lëtzebuerger Sproochesituatioun erginn, awer och doraus, datt ech als Journalistin op Däitsch geschriwwen hunn an als Kabarettistin z.B. op Lëtzebuergesch. Et ass am Fong d’Geschicht, déi déi eng oder aner Sprooch verlaangt, well déi Sprooch schléit sech nidder am Toun an an der Atmosphär, an där Aart a Weis, wéi een erzielt.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Mäi Buch iwwer d’Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer ass e Sachbuch, eng Aart Biografie, déi sech awer op hiert Berufssliewen an hir Bedeitung fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft beschränkt, also hiert privat a gesellschaftlecht Liewen net behandelt. Et geet vrun allem drëm, hir formidabel Leeschtung ze honoréieren an d’Erënnerung u si un déi nächst Generatioune weiderzeginn.

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?
– Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?
– Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?
– Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?
– Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?
Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?
Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?
Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?
Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?
Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

– Beim Schreiwe vum Buch iwwer d’Dr. Molitor-Peffer, dat natierlech vill Aarbecht bedeit huet, hunn ech mer effektiv missen eng zimmlech streng Disziplin operleeën, well soss kéim ee bei esou eppes ni op en Enn. Do hunn ech also laang praktesch all Dag e puer Stonnen Notize geholl, geschriwwen oder den Text iwwerschafft. 
– Vu datt ech awer normalerweis méi kuerz Texter schreiwen, maachen ech dat, wann ech eng Iddi hunn, déi mech usprécht resp. wann ech Zäit a Loscht hunn, wann den Text gewëssermoossen zeideg ass.
– Ech kann dobäi net vun engem éischte Schrëtt vun engem neie Buch schwätzen, ech sammelen einfach Texter a wann ech den Androck hunn, datt ech genuch Material fir e Buch hunn, maachen dat dann och.
– Ech schreiwe fir d’éischt op Pabeier, iwwerschaffen dat dann an tippen et an de Computer, ganz normal op Word.
– Meeschtens schreiwen ech op enger roueger Plaz, hunn awer och schonn emol an enger Gare oder op engem Fluchhafe geschriwwen.
– Vu datt ech relativ kuerz Texter schreiwen, hunn ech meeschtens d’Geschicht am Viraus am Kapp, wat awer net heescht, datt et keng Iwwerraschunge ginn, well déi Personnagen, déi een erfënnt, schwätzen nawell gär e Wuert mat.
– Wéi laang et dauert, bis e Buch prett ass, ass ënnerschiddlech aus deene Grënn, déi uewen ugi sinn, mat der Verëffentlechung geet et da meeschtens ganz séier, wat och domat zesummenhänkt, datt ech déi meescht Bicher am Eegeverlag erausginn.
– Jo, et kënnt vir, datt ech iwwer dem Schreiwen decidéieren, datt d’Geschicht mech selwer net esou richteg iwwerzeegt, an dann halen ech op domat.
– Wann ech keng Inspiratioun hunn, schreiwen ech net, ech sti jo net ënner Zwang fir eppes op d’Blat ze bréngen.
– Wann d’Texter bis stinn, feilen ech vill an intensiv dorunner, ganz besonnesch, wann ech decidéiert hunn, se ze publizéieren. Dat ass iwwregens ee vun deene ganz flotten Aspekter vun der Aarbecht.
– Déi gréisste Schwieregkeet? Keng Anung. Eent ass sécher: Et ass ëmmer vill méi Aarbecht, wéi ee mengt, mä dat gëllt fir villes am Liewen.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Ëmmer versichen, wéi schonn uewe gesot, eng eege Perspektiv, eng eegen Ausso, eng eegen Approche ze hunn. Dat meescht ass scho gesot, mä jidder Mënsch erlieft d’Welt op seng Manéier a grad dat ass fir mech dat Interessant dobäi. Donieft brauch ee vill Ausdauer an Disziplin, gutt Sëtzlieder, an et däerf ee sech net ze séier op d’Schëller klappen a soen: Dat hues de gutt gemaach.  

Retourner