Jhemp HOSCHEID

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?

Meng Mamm. Si hätt gär geschriwwen. Awer hire Papp, also mäi Bopa, sot hir, dat géif sech net passe fir e jonkt Meedchen. Dofir schreiwen ech an hirer Plaz. 

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?

An der frëscher Loft. Mäi Geescht brauch Sauerstoff. Am Bësch kann ech optanken. Da spruddelt et vun Iddien … awer och mol net… da muss ech frësch tanke goen … ëmmer an der Natur. Och duerch d’Liesen: Bicher sinn ëmweltfrëndlech Tankstelle fir Inspiratiounen. Mech inspiréiert, wat verstoppt läit. 

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?

Mäi Buch: ‘Wat wibbelt do am Schaf?’ Dat si 66 Gedichter a Reimgeschichte fir Kanner. Wärend deene véier Méint, wéi ech dat geschriwwen hunn, huet alles, wat ech gesinn hunn, ronderëm gereimt. Alles huet a Versform existéiert. D’Liewen ass heiansdo wéi Poesie.  

Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?

Dat ass den Norbi aus mengem éischte Roman ‚PERL ODER PICA‘ aus dem Joer 1998. Dee Roman ass zimmlech autobiographesch, an den Auteur ass den Norbi mat zwielef Joer.

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?

Dass ech et kann oder dass ech ëmmer nees versichen, fir et ze kënnen.

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?

Iwwert dat, wat verstoppt läit, an da muss ech no Spuere sichen, fir et erëmzefannen.

A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?

Am Lëtzebuergeschen.

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?

A mengem Bureau.

Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

Leit, déi nach beim Liesen op d’Rees ginn.

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

An de Fächer Mënschekenntnis‚ Gedold , Ausdauer

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Mech selwer (cf. Fro 4)

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?

Ech hunn zwee Kanner (35 an 32 Joer).  Ech froe si ëm Rot, ier ech en Typoskript bei mäin Editeur schécken. Si si ganz kritesch an éierlech mat mir.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Jo, mäin nächst Buch – mäin 8. Roman – hunn ech virun engem Mount ugefaangen, nodeems d’Korrekture vu mengem leschte Roman ‚OUNINUMM‘ ofgeschloss waren. Et geet ëm d’Sichen.

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Wann d’Leit léiwer digital Bicher liesen, ass dat okay. D’Haaptsaach, si liesen.

Ech brauch richteg Bicher. 

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Si ass vun haut. Dofir ass s’anescht wéi déi vu gëschter. Hoffentlech ass se prett fir muer.

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?

Je la noircis lentement. Comme ça elle sait à quoi s’attendre. La première phrase est la plus importante. Dès qu’elle est écrite, la page n’a plus peur.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Oui, la langue luxembourgeoise ne craint pas les frontières. Mais un auteur qui écrit en luxembourgeois doit être traduit. Et c’est rare.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Cela dépend. Parfois je ne la connais pas. J’ai juste une idée ou l’incipit en tête. Alors l’aventure commence. Pour mon dernier roman je connais la fin, donc c’est facile de commencer.

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

Il y a un va-et-vient entre le vécu et l’imagination. Parfois je vis dans mon imagination et je m’en inspire. Parfois je m’imagine ma vie et d’autres vies. Cest magique cette interaction entre la réalité et la fiction.

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Tout ce que j’écris aime être publié et récité/lu. Pour mes textes satiriques, je pense aux représentations publiques. Pour mes histoires pour enfants, je pense aux lectures dans les écoles. Et tous mes écrits aiment être publiés. 

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Ech fänke meeschtens mat engem Projet un, wann ech mer sécher sinn, dass et sech lount, driwwer ze schreiwen. Meng Gedanke beschäftege sech domat a wann se prett sinn, da geet et mam Schreiwe lass. 

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Ech war Franséischproff bis 65 Joer. Vun 1975 bis 2016. Lo sinn ech an der Pensioun. Wou ech nach Proff war, war ech en ‚hallwe‘ Proff an en ‚hallwen‘ Auteur. D’Madame Hennicot-Schoepges, eng Unterrechtsministerin, huet mir 1993 eng Demi-tâche als Enseignant accordéiert. Ech hat eng hallef Pai. Déi aner Zäit hunn ech geschriwwen a si vill an d’Schoule liese gaangen. Ech war op 78o Liesungen an d’Schoulen (Primärschoul/Ecole fondamentale)  

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

Wann ech eppes net wëll, dann ass et e Message ze vermëttelen.

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Ech schreiwe reegelméisseg mëttes tëschent 15 an 18 Auer an dann owes tëschent 21 an 22 Auer.

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Neen.

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Ech liese ganz vill. Haaptsächlech franséisch an däitsch Belletristik. Awer och déi lëtzebuergesch Auteuren… aus Solidaritéit a fir ze gesinn, wat hei zu Lëtzebuerg geschriwwe gëtt. Ech war laang Sekretär vum Lëtzebuergesche Schrëftstellerverband (LSV). Ech wëll mech um Lafenden halen.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Ech schreiwen um PC. Awer virdrun huet sech en décke Classeur mat vill handgeschriwwenen Notizen a villen Dokumenter/ Material op ville Blieder ugesammelt.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Ech hunn Aufsätz gehaasst. Dat war ëmmer sou en Drock fir an zwou Stonnen en ‚Erlebnisaufsatz‘ ze schreiwen. Ech hunn dach als Bouf (1963-1964) op 7e oder 6e nach net vill erlieft. An ech hunn ëmmer vill Feeler geschriwwen. Et ass jo op 6o Punkte bewäert ginn. Et war 30 op der Form an 3o um Inhalt. Ech hat ëmmer 0 op der Form an ongeféier 20 um Inhalt… also eng Datz.

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Neen, ech hunn awer schon ëmmer kleng Texter geschriwwen.

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Entweder mir entwéckelen eis kënschtlerech Intelligenz oder mir gi vun der KI geschléckt. Nëmmen d’Kultur, déi vun de Mënschen erschaaft gëtt, kann eis nach retten. 

Retourner