Isabelle HILD

Watgelift?

Beschreift Iech an 3 Sätz.

Ech heeschen Isabelle Hild, si 37 Joer al a liewe mat mengem Mann a menge 4 Kanner zu Märel. Haaptberufflech schaffen ech als Léierin an der Grondschoul am Cycle 2 zu Kielen. A menger Fräizäit spillen ech Tennis, ech gi gär spadséieren, interesséiere mech fir Sport am Allgemengen, si frou, wann ech bësschen Zäit fanne fir ze molen a freeë mech, wann ech e gutt Buch am Grapp hunn.

Mat wéi vill Joer hutt Dir ugefaange mat schreiwen, a wéi huet Äert Ëmfeld dorobber reagéiert?

An der Primärschoul an och am Lycée hunn ech ëmmer gär Geschichten erfonnt an hu mat Begeeschterung Aufsätz geschriwwen. Obwuel déi meescht Léierpersounen e gewëssent Talent erkannt hunn, ass et mer ni an de Sënn komm, fir e Buch ze schreiwen. Meng Begeeschterung, fir Geschichten ze erfannen, ass am Laf vun der Uniszäit ëmmer méi agerascht, awer se koum mat der Gebuert vu menge Kanner zeréck. Ech maachen näischt léiwer wéi hinne Geschichten erzielen, a well si där esou vill lauschtere wëllen, hunn ech nees ugefaangen, Geschichten ze erfannen. Speziell op d’Geschicht mam Kressida hu si mat esou vill Enthusiasmus reagéiert, dass ech dës Geschicht och mat anere Kanner deelen a se an engem Buch verëffentleche wollt.

Wéi e Rot géift Dir enger jonker Schrëftstellerin oder engem jonke Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Well ech bis elo just ee Buch geschriwwen hunn, sinn ech an der Positioun, wou ech mech iwwer all Rotschlo vun enger Persoun mat Erfarung an dësem Beräich freeën.

Fir trotzdeem op dës Fro ze äntwerten, wier mäi Rot deen, dass et net drëm geet, just e Buch ze schreiwen, mee et sollt een sech als Zil setzen, eppes ze shreiwen, wat d’Lieserinnen an d’Lieser begeeschtere kann. Wann een eng gutt Iddi am Kapp huet, da schreift d’Buch sech bal vum selwen. Den Alter vun der Schrëftstellerin oder dem Schrëftsteller spillt eigentlech keng Roll.

Kënnt Dir vum Schreiwe liewen oder hutt Dir nach en anere Beruff? Wa jo, wéi een?

O mei, wann ech vun engem eenzege Buch liewe kéint, da géinge warscheinlech méi Leit op d’Iddi kommen, e Buch ze schreiwen 😉 Ech hu bis elo just ee Buch op Lager a géing mäi Beruff als Léierin och ni wëllen opginn, souguer wann ech vun der Schrëftstellerei liewe kéint.

Wann Dir Iech misst decidéieren – Wéi eent vun Äre Bicher resp. wéi ee vun Ären Texter sollt een onbedéngt gelies hunn a firwat? Zitéiert eis wgl. ee vun Äre Liblingssätz aus dësem Buch resp. Text.

Vu dass ech just ee Buch geschriwwen hunn, ass déi éischt Fro séier beäntwert. Et sollt ee “Watgelift?” liesen, well et vu Virdeel ass, d’Kressida ze kennen, wann hatt engem iwwert de Wee leeft a well een endlech ka verstoen, firwat verschidden Déieren esou ausgesinn, wéi se ausgesinn. Virun allem sollt een dat Buch awer liesen, wann ee Loscht huet, eemol gutt ze schmunzelen.

Mäi Liblingssaz ass den Zaubersproch: Kressi, Kressa, Zauberhutt, maach et séier maach et gutt. Kressi, Kressa Zauberkonscht, ech erfëllen dir däi Wonsch.

Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Meng Haaptmotivatioun bei dësem Buch war et, eng Geschicht zu Pabeier ze bréngen, mat där ech ee Fonkelen an de Kanner hir Aen zaubere kann.

Wat inspiréiert Iech fir ze schreiwen?

Wann ech eng Geschicht erfannen, dann inspiréieren ech mech un Alldagssituatiounen. Wann iergendeppes geschitt, wat mech als Mënsch positiv, awer och negativ beréiert, versichen ech, dës Situatioun an eng Geschicht ze verpaken.

Wéi muss een sech Är optimal Schreifambiance virstellen? Wéini a wou schreift dir am léifsten? Hutt Dir Ritualer beim Schreiwen?

Owes, kuerz virum Aschlofen, komme mir déi beschten Iddien an de Kapp. Munchmol hunn ech se moies rëm vergiess, awer wann net, da schreiwen ech mir séier e puer Stéchwierder op, falls ech eemol Zäit géing fannen, rëm e Buch ze schreiwen. Normalerweis spannen ech dës Geschicht länger Zäit a mengem Kapp zesummen, schreiwen ëmmer rëmpuer Stéchwierder op, erzielen de Kanner munchmol puer Anekdoten a kucken, wouropper si positiv reagéieren. A réischt, wann ech wierklech zefridde si mam Verlaf, da fänken ech un, d’Geschicht ze schreiwen. Dat kann egal wou sinn, awer meeschtens an der Schoulvakanz, wann ech manner Aarbecht hunn. Wann den Text bis steet, wier mäin éischte Reflex, den Telefon an de Grapp ze huelen an dem Andrei Clontea unzeruffen, fir him dovunner ze erzielen.

Wat sinn Är Ziler als Schrëftstellerin resp. als Schrëftsteller fir déi nächst 10 Joer?

Mäin Zil ass et ëmmer rëm, wann ech eng gutt Geschicht am Kapp hunn, se opzeschreiwen an der Editioun virzeweisen, mat der Hoffnung, dass se d’Geschicht gutt genuch fannen, fir se als Buch ze verëffentlechen. Schéi wier et, dës Bicher weiderhi mat deene wonnerbar flotte Biller vum Andrei Clontea ze illustréieren.

Wat bedeit fir Iech Gléck?

Fir mech bedeit Gléck, wann een sech am Liewe bewosst Zäit kann huelen a gesondheetlech fit genuch ass, fir déi Saachen ze maachen, déi engem Spaass maachen.

Retourner