Guy REWENIG

1. Beschreift Iech an dräi Wierder!

   Een, dee schreift.

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

   Fir d’éischt hunn ech 15 Joer laang an der Schoul geschafft. Well ech déi Zäit scho vill a gär   geschriwwen hunn, hunn ech mat 34 Joer de Beruff opginn, fir Schrëftsteller ze ginn. 

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

   Jo, et ass mäin eenzege Beruff. 

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Warscheinlech Schoulmeeschter, wéi virdrun (mee elo sinn ech scho laang pensionéiert).

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

   D’Leit, d’Gesellschaft, d’Liewen.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

   Déiselwecht Äntwert wéi op d’Fro 4.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

   Dat sinn der ganz vill an dat ännert stänneg. Am Ablack liesen ech den George Saunders (USA), de Peter Nadas (Ungarn) an den Arno Schmidt (Däitschland). Ech liesen déi (ënnert aneren) besonnesch gär, well si allen dräi fantastesch Vertrieder vun der Weltliteratur sinn.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dës Sprooch entscheet?

   Ech schreiwen op Lëtzebuergesch, op Däitsch an op Franséisch, also an deenen dräi offizielle Sprooche vun eisem Land.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

   Et geet ëm zwee Männer – Papp a Jong -, déi mat hirer Ëmwelt net zuwee kommen a sech dofir no an no radikaliséieren. Tëscht den Zeilen handelt de Roman „Schnatt“ och dovun, wéi Verhalensmuster sech vun enger Generatioun op déi nächst iwwerdroen.

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

   D’Schreiwen ass net anescht wéi all aner Aarbecht. Et muss een drubleiwen a sech konzentréieren. 

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

   Fir unzefänken erfannen ech eng Geschicht a mengem Kapp. Wann ech dann „de Bou“ eraushunn, also de graffe Verlaf vun der Geschicht vum Ufank bis un d’Enn, kënnt déi technesch Aarbecht vum Schreiwen. Also tippen, tippen, tippen 🙂

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

   Ech schreiwen all Dag, well ech eng Disziplinn beim Schaffe brauch. Soss gëtt dat näischt.

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

   Notize schreiwen ech op Pabeier, fir de Rescht schaffen ech um Computer. Dofir hunn ech kee spezielle Programm. Och keng KI 🙂

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

   Ech kann nëmme schaffen, wann ech fir mech sinn a wann et ronderëm roueg ass. Also am léifste mueres fréi vu 5 bis 10 Auer (awer net nëmmen).

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

   D’Geschicht hunn ech a graffen Zich am Kapp, d’Detailer entstinn iwwert dem Schreiwen.

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

   Fir en neit Buch rechnen ech zwielef Méint. Awer dat klappt net ëmmer, well et jo och dovun ofhänkt, wéi déck d’Buch gëtt. Am Ablack maachen ech e Roman fäerdeg, un deem ech schonn zanter fënnef Joer schaffen.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

   Dat kënnt méi wéi eng Kéier vir. Ech hunn och schonn e puermol fäerdeg Texter ewechgeworf, well se mer net méi gefall hunn.

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

   Da waarden ech, bis d’Inspiratioun nees do ass 🙂 Am Iescht: Ech schaffen ëmmer gläichzäiteg un e puer Texter. Wann ech da mat engem net weiderkommen, wiesselen ech eriwwer bei en aneren. Mat där Method hunn ech gutt Erfarunge gemaach.

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

   Ech liesen et méi wéi eemol ganz duerch, fir ze kucken, op den Ekiliber stëmmt. An da kënnt d’Aarbecht mat menger Lektorin: Do gëtt all Saz, fir net ze soen all Wuert, nach eng Kéier kritesch analyséiert.

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

   Datt ech ganz aleng si beim Schreiwen. Et ass eng Aarbecht, bei där kee mir hëllefe kann (ofgesi vun der Lektorin, déi mir Rotschléi gëtt, wann den Text fäerdeg ass). D’Schreiwen ass en duerch an duerch einsame Beruff. Also näischt fir Leit, déi éischter e gesellegt Aarbechtsfeld sichen.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

   Net nëmmen engem jonken, mee och engem alen: Drubleiwen, net ze fréi opginn, net d’Flemm kréien, wann et net gläich klappt. An dann och: Regelméisseg vill liesen, fir an de Sproochen dranzebleiwen.

Retourner