Germaine GOETZINGER

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

éierlech, offen, engagéiert

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Als Direktesch vum Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch huet d’Schreiwen als feste Bestanddeel zu mengem Beruff gehéiert. Awer d’Schreiwe war schon vrum Beruff do. No mengem Studium vun der Germanistik an der Geschicht hunn ech en Dokumentarband iwwert d’Louise Aston, eng Vormärzschrëftstellerin, am Fischer- Taschenbuchverlag erausginn. Nieft mengem deemolege Beruff als Lycéesproff hunn ech déi ganzen Zäit vrun allem an Däitschland iwwer Schrëftstellerinne vum Vormärz geschafft a wëssenschaftlech Artikele publizéiert.

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Schrëftstellerin war fir mech ni mäi Beruff, mee Schreiwe war och keen Hobby. Schreiwen a Beruff sinn ëmmer Hand an Hand gaangen.

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Fir mech ass et wichteg, iwwer Saachen ze schreiwen, vun deenen ech mengen, dass se net solle vergiess ginn. Vläicht schwätzen ech elo méi als Historikerin wéi als Schrëftstellerin.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

Meng Iddie kommen aus menger Rechercheaarbecht. Et stéisst een ëmmer neess op Informatiounen, déi een net fir sech behalen an déi ee gär mat aneren deele wëll. Dofir ass d’Schreiwen an d’Publizéieren ee formidabelt Mëttel.

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Schrëftsteller, déi mir als Lieserin vill bedeiten, sinn den Heinrich Heine, den Theodor Fontane an den Thomas Mann. Vun de Lëtzebuerger Auteuren sinn et de Roger Manderscheid, de Guy Rewenig, d’Anise Koltz an d’Margret Steckel. Ech si beandrockt vun der jeeweileger Ausenanersetzung mat der Gesellschaft, an där se liewen. 

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Op Däitsch, ech hunn an Däitschland studéiert, an Däitsch ass meng éischt Schrëftsprooch. Bei der mëndlecher Kommunkatioun ass et d‘Lëtzebuergescht.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

D’Buch ass eng Biografie vun der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert. D’Grondlag sinn d’Recherchen zu hirem Liewen a Schreiwen, mat deenen ech schonn an den 1980er Joren ugefaangen hunn. Si war d’Fra vum Schmelzhär Emile Mayrisch an hat Kontakter a Frankräich, Däitschland an an der Belsch, ënner anerem mam André Gide, Ernst Robert Curtius, Jacques Rivière, Annette Kolb, Gertrud Eysoldt a villen aneren. Wann een eng Biografie schreift, geet et net nëmmen ëm den Inhalt, mee et muss een och en Toun, eng Sprooch, eng Roll als Erzieler fannen. Dat war fir mech eng richteg Erausfuefderung, well ech bis dohin nëmme wëssenschaftlech Texter geschriwwen hat. Ech hu bei der Mayrisch-Biographie versicht, zwou Säite gerecht ze ginn, der Aline Mayrisch an dem Liéser vun haut. 

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Ech sammelen Iddien a versichen eng Struktur doran ze bréngen. Da schreiwen ech e Plang, d.h. en Entworf, wou ech kucken, wat fir Donnéeën op wat fir eng Plaz komme sollen. Wa mäi Plang a sech stëmmeg ass, fänken ech un ze schreiwen. Duerno kënnt d’Iwwerschaffen. Nëmmen duerch d’Iwwerschaffen, d’Straffen, d’Ëmstelle vu verschiddene Passagen, kritt en Text seng Form a seng Qualitéit.

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Am léifste jo, well da kënnt ee gutt weider. Mee leider geet et net ëmmer. Mäi Mayrisch-Buch huet ouni Zweiwel vun der Corona-Pandémie profitéiert. Do war ech op mengem Bürosstull festgeneelt.

  • Schreift Dir op Pabeier oder um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Fréier hunn ech den éischten Entworf mat der Hand geschriwwen, haut tippen ech direkt an de Computer. Doderniewent hunn ech e Pak handgeschriwwen Notizziedelen mat Elementer, déi nach ageschafft oder iwwerpréift musse ginn. 

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

Meng Schreiwplaats ass virun allem mäi Büro, heiansdo en Hotelszëmmer. Ech brauch schonns Rou an Ofgeschlossenheet fir mech op d’Schreiwen ze konzentréieren.

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Meng Texter sinn an de grousse Linnen duerchduet bis zum Schluss, wat awer net verhënnert, dass beim Iwwerschaffen och emol eppes geännert, dobäigesat oder ëmgestallt ka ginn.

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

Tëschent enger éischter Iddi an der Publikatioun kënne Jore leien. Wann déi richteg Aarbecht um Text lass geet, dauert et zwee oder dräi Joer bis d’Buch fäerdeg ass. Dobäi schafft een net nëmmen eleng. Et brauch een den Echange mat Partner, deenen ee vertraut. Besonnesch de Kontakt zum Editeur ass essentiel.E gudden a kritesche Verlagslektor kann een op Onstëmmegkeeten oder Ongeschécklechkeeten opmierksam maachen. 

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Jo. D’Ursaach louch awer net bei mir, mee de Projet ass hänke bliwwen oder gouf opginn. 

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Ech hunn eigentlech ni no Iddie fir meng Publikatioune misse sichen. De Problem ass éischter, dass ech net alles schreiwe kann, wat mir wichteg erschéngt. D’Projeten hunn sech meeschtens esou entwéckelt, dass et sech an engem bestëmmte Moment opgedrängt huet, se an eng schrëftlech Form ze bréngen. Oft huet och dee sozialen Aspekt eng wichteg Roll gespillt. T’schreift ee jo och fir e Lieser, et brauch een e Vis-à-vis, en Uspriechpartner, och wann en heiansdo nëmmen an engem sengem Kapp existéiert.

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Ech liese meng eegen Texter eigentlech no der Publikatioun net méi ganz gären eng zweeten oder drëtte Kéier. Si bidde jo iergendwou näischt Neies méi. Op der anerer Säit falen engem dann och d‘Schwächten op, awer leider kann een näischt méi drun änneren. 

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Bicher Schreiwen ass zum Deel richteg Aarbecht. Et brauch een Zäit an et muss een sech op d’Aufgab konzentréieren an op Oflenkung verzichten. 

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Et soll een d’Schreiwen net als eppes Isoléiertes gesinn. Schreiwen hänkt zesumme mam Liesen, Diskutéieren, Nodenken. Wann een eppes ze soen huet, schreift et sech och. Dofir soll een sech net stuer op d’Schreiwe fixéieren, mee sech dem Liewe stellen an net opginn, wa Problemer optauchen. 

Retourner