Gaasperecher Déierenasyl

Am Kader vun eiser Aktivitéit Act4Good hu mir leschten Donneschden zesumme mat eise Schüler eng Visitt vum Gaasperecher Déierenasyl gemaach. 🐕🐈

D’Schüler haten d’Méiglechkeet, d’Aarbecht am Asyl besser kennen ze léieren a méi iwwert de Schutz an d’Wuel vun den Déieren ze léieren. Mat vill Intressi an Engagement hu si Froe gestallt a gesinn, wéi wichteg Solidaritéit, Respekt a Verantwortung géintiwwer Mënsch an Déier sinn.

Dës Visitt war eng beräicherend Erfarung fir jiddereen.

Fotoen
Retourner