Finall vun de Mini-Entreprisen 2024 vun de “Jonk Entrepreneuren Luxembourg”

2 Mini-Entreprisen aus dem Lycée des Arts et Métiers hunn et an d’Finall vun de Mini-Entreprisen 2024 vun de “Jonk Entrepreneuren Luxembourg asbl” gepackt.

Mir gratuléiere ganz häerzlech de Schüler vu „Grillsquare“ (Iana Bertanier, Fynn Herr, Timothy O‘Brien, Timothy Petersen, Yannik Sand a Luca Schemberger) an de Schüler vu „LetzGuess“ (Leslie Bodé, Mathieu Dondelinger, Elisabeth Flammang, Sébastien Fohr, Fabien, Friederici, Sven Ludwig).

Mir sinn houfreg op hir engagéiert Aarbecht, drécken hinne ganz fest Daumen a wënsche weiderhi vill Erfolleg.

E grousse Bravo un all d’Finalisten esouwéi un all d’Mini-Entreprisen vun 2023/2024.

Fotoen
Retourner