Expo

Am Kader vum Projet «Du bass prett» hunn d’Schüler-inne vun de 7P Klasse mat der Hëllef vun hiren Enseignanten eng impressionnant Expo am Drescherhaus zu Dummeldeng zum Thema „Ernährung“ op d’Bee gestallt.

Am Laf vum Schouljoer hu si verschidde Visitte ronderëm dëst Thema ënnerholl a sinn op deem Wee mat der Aarbechtswelt a Beréierung komm, hu verschidden Atelieren mat de Fächer Mathé a Sprooche kombinéiert an hunn ënnert anerem all Mëttwoch zesumme gefrühstückt.

Mir sinn houfreg iwwer eis Schüler-innen, déi d‘Visiteure selwer mat vill Enthusiasmus an Informatiounen duerch d’Expo gefouert hunn. Dir hutt dat wonnerbar gemaach!

E grousse Merci och un d’Elteren, un eis motivéiert Enseignanten, un eise Service technique a Service éducatif, un eis Direktioun, un d‘ Nicole Lanners, den Edmond Oliveira an d’Kyra Thielen souwéi un den IFEN, de SCRIPT an de MEN!

Fotoen
Retourner