Voie de préparation “Du bass prett!” – to be deleted

Du bass prett!

Mam « Du bass prett ! » Konzept maache mir d´Schüler*innen prett vir d´Léier an d´Liewen !

Fir dat Zil ze erreeche kombinéiere mir d’Konscht mam Handwierk mat de bestoende Programmer. Eis Ateliersstonne ginn iwwert den apprentissage concret  mat der Mathematik an de Sproochefächer verbonnen. Sou kreéiere mir net nëmmen nëtzlech a praktesch Aktivitéiten, mee verbannen dëst mat kreative Prozesser, wou d´ Schüler hir Softskills kënne weiderentwéckelen. Dëst Zesummespill vun « Arts a Métiers » waart ob iech ab September 2022.

Mir si prett, an du ?

September 2021

“Du bass prett!” Start

Am September 2021 hu sech 9 Enseignanten aus ënnerschiddleche Spezialisatiounen zesummegedoe, fir e neit Konzept fir d´voie de préparation am LAM auszeschaffen. Mat der Ënnerstëtzung vum SCRIPT an dem IFEN wäert am Schouljoer 2022/2023 “Du bass prett!” – Konzept mat de 7P-Klassen ufänken. Am Schouljoer 2021/2022 sinn dowéinst scho vill Visiten a Projete gestart ginn, déi eis sollen Hëllefen d´Konzept optimal starten ze kënnen.

Januar 2022

Visite: MNHA

Eis zwou 7P-Klassen hunn am Kader vun der CULGÉ (culture générale) eng Visite iwwert den Ursprong vun der Mënschheetsgeschicht alieft. Si sinn dobäi net nëmmen duerch e Guide ënnerstëtzt ginn, mee konnten sech och sou ob hier individuell Projete virbereeden an Informatioune sammelen.

Februar 2022

Projet: POSTERS

An Zesummenaarbecht mat de Muséeën aus der Staat Lëtzebuerg konnt 7P en Deel vun enger kommender Ausstellung mat decidéieren. Dobäi sinn d´Experte vun de Muséeën an d´Klass komm, hunn de Prinzip vun der Ausstellung erkläert an de Schüler d´Méiglechkeet ginn sech aktiv a kreativ an der Gestaltung ze bedeelegen. Weider Informatioune kommen no, wann d´Ausstellung offiziell presentéiert gëtt.

Mäerz 2022

Visite: Villa Vauban

Bei dëser Visite hu sech d´Schüler konnten am Beräich “Arts” an “Métiers” weiderbilden. Si sinn net nëmmen, als Virbereedung vun engem Konschtprojet, iwwert verschidden Zeechentechniken informéiert ginn, mee konnten och erausfanne, weivill a weieng Beruffer an engem Musée gebraucht ginn. De Guide huet d´Schüler mat ob d´Rees vun der Konschtgeschicht geholl an dobäi de Schüler och d´Konscht aus Lëtzebuerg méi no bruecht.

Mäerz 2022

Visite: Luxembourg City Museum

Bei dëser Aktivitéit am Luxembourg City Museum hunn d´Schüler vun de COP-Klassen sech ob d´ Beruffer am Musée fokusséiert. E Bléck hannert d´Kulissen huet et de Schüler erlaabt ze gesi weieng Beruffer aktiv beim Ëmbau vun enger Ausstellung bedeelegt sinn.

Mäerz 2022

Projet: Unplugged Messages

D´Klasse vun der 7P hunn zesumme mam Luxembourg multi-LEARN Institute iwwert d´Pandemie geschwat an dorausser e Konschtprojet entwéckelt. De Fokus louch dobäi ob de visuellen Erliefnisser vun de Schüler (an den ënnerschiddleche Medien) an de leschten 2 Joer. D´Ausstellung vun de Konschtwierker wäert nach dëst Joer an de Rotondes sinn.

Abrëll 2022

Projet: Friddensmaart

Och de Volet Engagement wäert am “Du bass prett!”-Konzept eng wichteg Roll spillen. De Friddensmaart (mat 9 Klassen) war e groussen Erfolleg an huet Sue fir d´Kanner an der Ukrain gesammelt. Vill verschidde Stänn (mat Iessen, Gedrénks a Gebastels)  hunn d´Schüler an de Kuere selwer initiéiert, organiséiert an dunn den 1. Abrëll duerchgefouert.

Abrëll 2022

Theaterstéck: Fake Facts – Trifolion

D’Schüler vun de COP Klassen vun Dummeldeng waren sech d’Theaterstéck “Fake Facts” mat hire Régents op Echternach an den Trifolion ukucken. No der Presentatioun hun d’Schüler un enger Diskussioun zum Thema Fake News zesumme mat den zwee Acteuren, Anouk Wagner a Pit Simon sou wéi der Regisseurin Dahlia Kentges deelgeholl. D’Klassen sin op d’Virféierung vun engem weideren Theaterstéck am Trifolion ageluede gin, RDV 3.6.2022 fir d’Stéck : happidity.

Mee 2022

Ausbléck: Kulturrallye

Retourner