display.ed 2023

De 24. Februar 2023 war déi 4. Editioun vun „display.ed 2023“ am Casino Forum d’Art Contemporain.

Hei hu Lycéesschüler-innen d’Méiglechkeet kreatif a kulturell Beruffer kennen ze léieren.

Zukünftesch Konschtstudenten kënne sech hei direkt bei Vertrieder vun Universitéiten, Konscht- an Designschoulen informéieren, souwéi sech mat Studenten, Graduéierten a Kënschtler austauschen an sou méi iwwert Diversitéit vun de Konschtstudien gewuer ze ginn.

Eis BTS Klassen „réalisateur graphique“, „cinéma & audiovisuel“, „game art and game design“, an „dessin d’animation“ hu vun dëser Geleeënheet profitéiert hir BTS Formatiounen unhand vu Konschtaltlieren an engem Infostand firzestellen. Beim Workshop „Print to go” vum Lycée des Arts et Métiers hunn eis Klassen B1RG an d‘B2RG matgehollef.

Eis Klassen 1tp3d, 2tp3d, 3tp3d, 3tpdg, 2gacv2 an 3gacv2 hunn dësen Event och besicht fir sech iwwert d’Konschtstudien z’informéieren an d‘2TPDG an 2GCV1 hunn un all de Workshoppen vun display.ed deelgeholl.

Et war eng flott a beräichernd Erfahrung fir eis Schülerinnen, Schüler, Studentinnen a Studenten.

Fotoen
Retourner