Diplomiwwerreechung 2.Sessioun
De Lycée des Arts et Métiers gratuléiert ganz häerzlech de Kandidate vun der 2.Sessioun zu hirem Premièresdiplom, dee si den 11. Oktober iwwerreecht kruten🎓.
Mat vill Asaz an festem Wëllen hutt dir är Première mat Erfolleg ofgeschloss an domat den éischte Schrëtt an eng spannend Zukunft gemaach.
Är schoulesch Ausbildung huet iech en zolidd Fundament ginn, op deem dir elo weiderbaue kënnt, fir är Ziler ze realiséieren.
Mir wënschen iech dobäi vill Erfolleg!
Fotoen