Claudine MUNO

1. Beschreift Iech an dräi Wieder! 

Hei géif ech e Joker asetzen. Wann ech gär Geschichten erzielen, da grad fir däerfen aner Leit ze beschreiwen, an net mech selwer 😊 Eng Schülerin vu mir sot eemol: Ech schreiwe fir ze verschwannen. Dat ass e Gefill, dat ech gutt kann novollzéien. 

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?  

Ech wollt am Fong ëmmer Geschichte schreiwen. Schonn an der Spillschoul wollt ech Schrëftstellerin ginn. Wéi ech dorop koum, kann ech net méi soen. Villäicht ass et, well ech an engem Haus mat ville Leit opgewuess sinn, (meng Elteren, meng Groussmamm, meng Giedel a mäi Monni, meng Cousinen…) déi dacks Geschichte vu fréier gezielt hunn. Dobäi ass et mir ni langweileg ginn, an esou ass de Wonsch entstanen, och selwer Geschichten ze erzielen. 

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Ech sinn haaptberufflech Chargée d’éducation an engem Lycée – schreiwen awer och do mat de SchülerInnen a sinn ausserdeem nach als Freelance-Journalistin täteg. Am Fong kéint een also soen, dass Schreiwen a gewësser Hisiicht mäi Beruff ass, och wann deen net nëmmen aus dem Verfaasse vu Romaner besteet. Fir mech ass et eng Beräicherung, net just eng Saach am Liewen ze maachen. Ech wéilt déi Villsäitegkeet net mëssen, well verschidden Tätegkeeten sech ergänzen. Nieft dem Schreiwe maachen ech och nach gär Musek, och wa mir dofir am Moment d’Zäit feelt, an ech zeechnen. 

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Wéi scho bei der zweeter Fro beschriwwen, ass de Wonsch entstanen, selwer Geschichten ze erzielen, well ech ëmmer gär anere Leit hir Geschichten nogelauschtert hunn. Mech motivéiert et awer och gesellschaftlech Froen a Problemer unzeschwätzen. Mat allem wat an de leschte Joren, Méint a Wochen an der Welt geschitt ass, feele mer awer de Moment e bëssen d’Wierder … Bicher ze liesen oder ze schreiwen (Fiktioun oder Saachbicher) heescht och, aner Perspektive kennenzeléieren, fir se besser kënnen se verstoen. D’Gedold fir sech emol am Fong mat engem Thema auserneen ze setzen, ier sech eng Meenung verfestegt a verëffentlecht gëtt, geet ëmmer méi verluer. Dat decouragéiert mech da munchmol an ech froe mech, wat Literatur nach ka bewierken.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

Meng Geschichte fänke meeschtens esou un, dass mir en éischte Saz afält. Wou dee genee hierkënnt, kann ech emol net soen. Deem Saz ginn ech dann no, an esou entwéckelt sech d’Geschicht. 

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Eent vun de Bicher, dat mech als Jonke begeeschtert huet, war “On The Road” vum Jack Kerouac. Gär liesen ech och Familljeromaner, wéi “White Teeth” vum Zadie Smith oder “The Buddha of Suburbia” vum Hanif Kureishi. Oder Gedichter vum Philip Larkin.

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Mat Englesch, Däitsch a Franséisch hunn ech ugefaangen. Mëttlerweil schreiwen ech meeschtens Lëtzebuergesch, well et mer Spaass mécht, mat där Sprooch ze experimentéieren an ze spillen. Grad well et nach – verhältnesméisseg natierlech! – wéineg Literatur op Lëtzebuergesch gëtt, bidden sech vill Méiglechkeeten Neies ze entdecken. 

Am Allgemenge kombinéieren ech awer am léifste verschidde Sproochen, einfach well Méisproochegkeet eng Realitéit ass an ëmmer war. Als Kand hunn ech ronderëm mech Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Jéinesch an Elsässesch héieren an ech hunn déi Villfalt ëmmer spannend fonnt. Si huet sécher dozou bäigedroen, dass ech mech herno fir Sproochen interesséiert hunn. Ech mengen, et kann een och déi selwecht Sprooch schwätzen, ouni déi selwecht Sprooch ze schwätzen. Fir mech ass et wichteg, dass Sprooch lieweg ass, an oppen ass fir Verännerungen – well nëmmen doduerch bleift se authentesch a kann och d’Realitéit duerstellen. 

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Am Text geet et ëm en Teenager, dee verschwënnt. An ëm haislech Gewalt a wéi wichteg et ass, als Frënn a Famill de Courage ze hunn, sech anzemëschen an Ënnerstëtzung ze ginn.  

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Wéi gesot, bei mir fänkt et u mat engem éischte Saz. Vun do aus schreiwen ech a plangen ëmmer no an no.

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Am Moment hunn ech duerch familiär Ëmstänn wéineg Zäit, dacks kommen ech iwwer Méint net dozou, un enger Geschicht ze schreiwen. Dofir schreiwen ech de Moment éischter kuerz Texter, bei deenen et méi einfach ass den Iwwerbléck ze behale wéi bei engem Roman. 

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Wéi scho gesot, feelt et mir haaptsächlech un Zäit. Dofir schreiwen ech de Moment och mol dacks op de Réck vun enger Enveloppe, oder notéieren eppes op den Eck vun enger Zeitung… Um Enn tippen ech awer alles an de Computer, schonn eleng aus praktesche Grënn. U sech ass et scho gutt fir tëscht Schreiwen op der Hand an um Computer ze wiesselen, Texter och emol e puer Mol op verschidde Supporten ze schreiwen, fir dass een se besser ze “pake” kritt. 

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

Op rouege Plaze kann ech guer net schreiwen! Am léifsten hunn ech esou vill Oflenkung wéi méiglech: Musek am Kopfhörer gehéiert op alle Fall dozou, wann ech d’Méiglechkeet hunn, kucken oder lauschteren ech och niewebäi e Film. E richtege Schreifdësch hunn ech zënter dem Lycée net méi, amplaz dovunner hunn ech esou eng portabel Këscht, déi ee kann op d’Knéie setze fir dann drop ze schreiwen. An d’Këscht passt mäi ganzt Geschier, Computer, Kopfhörer, Füllfieder, Notizbuch. Mat där kann ech schreiwen, do wou et grad passt. 

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Si entstinn ëmmer wärend dem Schreiwen. Wann d’Ausgangsiddi kloer ass, an d’Personnage funktionéieren, dann entwéckelt d’Geschicht um Pabeier (oder um Schierm) eng eegen Dynamik.

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

Aus Zäitmangel dauert et de Moment relativ laang. Anerersäits kann ech mëttlerweil ganz séier schaffen, wann ech dann eemol Zäit hunn. Fir “Dëst ass net däi Liewen” hunn ech fir d’Schreiwe fënnef Méint gebraucht. Wann ech d’Méiglechkeet hunn, loossen ech en Text awer gär e puer Méint leien, ier ech en ofginn, fir e mat der Distanz dann nach eemol ze liesen. Beim Verlag dauert et och nach e puer Méint, deemno wéi vill Bicher grad de Moment nach an der Maach sinn.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Absolut! Allerdéngs ass aus deenen Ufäng herno meeschtens eppes anescht ginn. Zum Beispill fënnt een an “Dëst ass net däi Liewen” och Iddien, déi ech virun 10 Joer hat, a mat deenen ech deemools einfach net weiderkoum. Wéi ech se lo erëm opgegraff hunn, konnt ech se op eemol weiderspannen.

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Dat geschitt mir seelen, well ech mer Zäit fir ze schreiwe wierklech muss zesumme sammelen, da schreiwen ech eeben och just, wann ech wierklech eng Iddi am Kapp hunn. Wéi ech scho virdru sot, am Moment geet mer villes duerch de Kapp: Et feelt zwar net un der Inspiratioun, mee éischter un de richtege Wierder. 

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Jo, well ech dacks mat laange Pausen dertëscht un engem Text schaffen, muss ech um Enn nach eemol alles an enger Kéier ganz duerchliesen, fir sécher ze goen, dass alles och koherent ass an ech mech net widderholl oder eppes vergiess hunn. Ech liesen et dann tatsächlech haart vir, och wann dat komesch kléngt, well engem sou am Beschten opfält, ob sech Formuléierunge widderhuelen – an op déi Manéier liest een och net esou séier iwwer Feeler ewech.

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Zäit ze fannen 😊 An et ass heiansdo schwéier Iddien a Personnagen, déi engem wichteg sinn, aus dem Text erauszehuelen, obwuel een un hinnen hänkt, wann ee mierkt, dass d’Geschicht einfach besser ouni funktionéiert.

9. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Dass een net ze laang soll op déi richteg Inspiratioun waarden, mee Schreiwen als Handwierk unzegesinn, dat een nëmmen doduerch léiert, dass ee schreift a Feeler mécht  an erëm vu vir ufänkt. Dat kascht heiansdo vill Zäit, mee et ass ëmmer besser, eng Iddi praktesch auszeprobéieren, wéi se just am Kapp duerchzespillen. 

Retourner