City Rallye 2021

D‘Klass 3GIG2 aus dem LAM huet um City Rallye 2021 deelgeholl, wou si di 3. & 4. Plaz kruten.
Dëse City Rallye gouf organiséiert op Initiativ vum Jugendrot an Zesummenaarbecht mam Handicap International, der Maison de l’Union Européenne, der CITIM/Astm, dem KJT, dem MNHA an dem Cigale, fir dass d’Schüler op eng amusant Aart a Weis d‘Existenz an d‘Funktioun vun dësen Institutioune kenne léieren.
Hiren Aussoen no huet de Schüler den “Equippegeescht” an d’”Sensibiliséierung” vun der Jugend fir esou sozial-politesch Themen, sou wéi d‘Ronderëmfuere mam VeloH! duerch eis ganz Stad besonnesch gutt gefall.
E grousse Merci un de Jugendrot an u jiddereen dee matgehollef huet fir eise Schüler dëse Rallye ze erméiglechen.

Impressiounen
Retourner