Charlotte REUTER & Lynn COSYN

Lynn Cosyn

Interview mam Charlotte REUTER:

1. Beschreift Iech an dräi Wieder!

Oppen, Intresséiert, Chaotesch

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd?

Ech sinn vun der Ecole du Goût vu Branebourg gefrot ginn fir e Kannerbuch ze schreiwen. Dëst Buch sollt de Kanner an och den Elteren d‘Missioun vun der Schmaachschoul méi nobréngen. D’Ecole du Goût ass e Projet vum Naturpark Our.  

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?
Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Ech sinn net vu Beruff Schrëftsteller, d.h. ech liewe net vum Schreiwen. Ech hu jo och réischt ee Kannerbuch eraus bruecht. Ech verdéngen awer meng Suen at Geschichten: ech erzielen Geschichten, ech liesen Geschichte vir, ech maache mir vill Gedanken iwwert wéi wichtig Geschichten sinn fir eis als Menschen, an eis als Gesellschaft. 

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Bei allem wat ech maachen, kënnt d‘Motivatioun vun enger Ongerechtegkeet där ech mech wëll entgéint stellen, enger Erausfuederung déi ech wëll ugoen, oder engem Virwetz dee mech dreift.

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech?

Iddien an Inspiratioun fënnt een iwwerall. Et muss e léieren sech dofir op ze maachen, sech de Raum ze ginn fir se entgéint ze huelen. D.h. dat kann an engem Zuch sinn, während engem Gespréich, oder elleng am Bësch. 

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Am Moment sinn ech an enger Phase wou ech éischter Sachbicher liesen an do hunn ech elo kee spezifeschen Auteur deen ech méi oder mann gären hunn. Als jonke Mensch hunn ech vill gelies, besonnesch vum Sarte, Camus, Balzac, Dostoyevski, Baudelaire, Virginia Woolf. Duerno Siri Hustvedt, Toni Morrison, Jonathan Franzen, Julian Barnes

7.Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Ech schreiwen am léifsten op Englesch, dat ass meng Mammesprooch, oder op Lëtzebuergesch.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

A véier klenge Geschichten déi an deem selwechten Haus spillen, begéinen di jonk Lieser oder besser gesot Nolauschterer, 4 verschidden Zorten Geméis. An de eenzelen Geschichten ginn dann di verschidden Etappen duergestallt déi eng Geméiszort duerchmecht éier se bei eis am Bauch land: d‘Uplanzen, d’Recolte, d’Preparatioun an dann d’Iessen. E grousse Fokus gëtt och op di verschidde Sënner geluecht déi besonneg beim Iessen eng Roll spillen: op eppes eis schmaacht huet net just eppes mam Goût ze dinn. 

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus?

Vue datt ech net all Dag schreiwen, spiegelt mai Liewen net dat vun engem professionnellem Schrëftsteller rëm. Mee ech liesen all Dag, informéiere mech iwwert Themen déi mech intresséieren, a verschichen a Kontakt ze bleiwen mat Mënschen déi ähnlech Intressien hunn wéi ech. 

– Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

– Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text? Nee

– Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?
Ech hu nach keng App benotzt. Fir den Opbau vun enger Geschicht ze plangen benotzen ech nach Pabéier. Duerno gëtt um Cimputer den eigentlechen Text getippt. 

– Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?
Fir ze schreiwen muss ech et roueg hunn. Ech hu mir och schonns eng Roulotte um Camping gelount fir kënnen ze schreiwen. 

– Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?
Ech maachen ganz vill Viraarbecht am Kap. Dat ganzt Gerüst muss schonns stoen éier ech ufänken. 

– Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?
Am Fall vun Buch „D‘Rommel Bommel an hir Frënn“ waren et zwee Joer vun der éischter Iddi bis zur Publikatioun. 

– Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen? Jo

– Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?
Eng Taass Téi drenken an e Stéck Schokola iessen. A wann dat net hëlleft, eppes komplett aaneschtes maachen.  

– Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?
Ech hu nach ni e ganz laangen Text geschriwwen. Mee jo, ech hu meng Texter bis elo ganz oft gelies a kéint se elo nach iwwerschaffen. 

– Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher? Den Ufank.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Schreif iwwert dat wat dir wichteg ass a sich Dialog an Austausch. Sich dir e Lektor, dee bereet ass dech ze puschen, deng Iddien an deng Emsätzung ze challengen, een deen däin Text Wuert fir Wuert duerchgeet an alles a Fro stellt.   

Retourner