„Award Ceremony“ vum „Mérite Jeunesse Luxembourg“

„Award Ceremony“ vum „Mérite Jeunesse Luxembourg“

De 5 Mäerz 2024 war déi alljärlech „Award Ceremony“ vum „Mérite Jeunesse Luxembourg“ um Campus Geeseknäppchen.
Hei goufe Jugendlecher am Alter vu 14 a 25 Joer fir hiert ausserschoulescht Engagement ausgezeechent. D’Präisiwwerreechung war a Präsenz vum Ierfgroussherzog Guillaume, dem Prënz Guillaume esouwéi de Minstere Martine Deprez a Claude Meisch.

Mir gratuléieren de ronn 200 Gewënner vum „Mérite Jeunesse 2024“ a ganz besonnesch de 5 Schüler aus dem Lycée des Arts et Métiers, déi de Niveau « Bronze » fäerdeg gemaach hunn.
De Gergely Magyar vun der 2GIG1 hat bei dëser Zeremonie déi formidabel Opportunitéit säi Parcours vum Mérite Jeunesse virum Public virzestellen.

E grousse Bravo un eis engagéiert Schüler, esouwéi un hir Tuteuren!

#meritejeunesseluxembourg #thedukeofedinburghsaward #WORLDREADY
#proudofourstudents

Fotoen
Retourner