Appel à créations

🎨✨ Weis däin Talent!

Hues du Loscht, deng Kreativitéit ze weisen an eppes fir eis Schoul ze gestalten?

Maach mat beim “Appel à créations” fir Ouschterdag a schéck deng Kreatioun bis de 6. Mäerz op communication@am.lu eran!
Gestalt eng originell Grafik mat „Schéin Ouschtervakanz“ a representéier de Lycée des Arts et Métiers op eise Social-Media-Kanäl.

🏆 Déi 3 bescht Kreatioune gewannen e flotte Präis!
📜 All Participant kritt e Certificat de participation.

Mir freeën eis op däin Design! 🌸🐣

Dësen Opruff fir Kreatiounen riicht sech exklusiv un d’Schülerinnen a Schüler vum Lycée des Arts et Métiers.
D’Participatioun ass fräiwëlleg.

1. Eng originell Bildkreatioun erstellen (Foto, Zeechnung, Illustratioun, Grafikdesign) fir Ouschteren mat kloerem Bezuch op eis Schoul.

2. Technesch Spezifikatiounen
• Obligatorescht Format: Quadrat 1080 × 1080 px
• Optional: Portrait 1080 × 1350 px
• Fichier: PNG oder JPG (héich Qualitéit)
• Numm vum Fichier:
NummVirnumm_Klass_Thema.png (z. B.: DupontLea_3C_Ouschteren.png)

3. Kreativ Consignen
• Visuell Identitéit: De Logo oder erkennbar Elementer vun der Schoul integréieren (Gebai, Aktivitéiten, Wäerter …)
• Originalitéit: Perséinlech Kreatioun (Foto, Illustratioun, Zeechnung, grafesch Kompositioun …)
• Verbuet: Keng Kreatioun, och net deelweis, déi mat KI generéiert gouf
• Copyright: Är eege Kreatiounen oder fräi notzbar Ressourcen (mat Quellennennung wann néideg)
➜ Kee geschützte Contenu ouni Autorisatioun.

Fotoen
Retourner