Antoine POHU

1. Beschreift Iech an dräi Wieder! 

Roueg , rosen an heiansdo bessi messy  

2. Wéi ass et dozou komm, dass Dir SchrëftstellerIn gi sidd? 

„Une longue suite d’accidents“. Also ech hun net vu Klengem u gesot ech wéillt Schréftsteller ginn. Ech hunn irgendwann ugefang mat Schreiwen, an ech mengen dat wichtegst ass déi Aktivitéit, egal lo op een se professionnell mécht oder net. Et definéiert een sech doduerch, dass een et brauch, ze Schreiwen – e bësse wéi eng Plaatz, wou een sech zréck zitt. 

Public ginn ass mäi Schreiwen mam Prix Laurence an de Walfer Bicherdeeg 2018. Herno huet et ëmmer méi Plaatz agehol, souwuel d’Activitéit u sech, wéi dat ganzt ëffentlecht optrieden roderëm (also souwuel d’Schreiwen wéi d’Schrëftsteller sinn).

3. Ass SchrëftstellerIn Ären eenzege Beruff oder hutt Dir nach een anere Beruff?

Wat wiert Dir vu Beruff, wann Dir net SchrëftstellerIn wiert? Wann et en Hobby ass, wéi een anert Hobby hätt Dir, wann Dir net géift schreiwen?

Ech si grad mat engem Master am Theater färdeg ginn an hunn decidéiert et aus Artiste indépendant ze probéieren. Mäin eenzege Beruff ass dee Moment Schrëftsteller sinn, mee net just am Sënn vun alleng a mengem Eck Literatur schreiwen, mee ech sinn och vill op Theaterprojeten ennerwee (aus Schrëftsteller oder Dramaturg). 

Wann, dann Musek oder Fotographie. Ech maache béides, mee et gi vill Spaachen déi ech do net verstinn, Zäit déi ech net investéiere wëll. Mee dat wär schon och en Dram ! 

4. Wat motivéiert Iech fir ze schreiwen?

Ech mengen wann ech dat wéisst misst ech guer net méi schreiwen… ech mengen d’Loscht verschidde Saachen ze verstoen, aus mengem Kieper raus oder a mäi Kieper ran ze goen, ze gruewen, bis an eng Zort état d’effacement, de non-existence.  

5. Wéi kommt Dir op nei Ideen? Wat inspiréiert Iech? 

Amfong alles ; a mengem alldag, wat ech liesen, lauschteren, gesinn. Iddien hunn ech us ech wéineg, ech sinn éichter een deen vill un enger Iddi schafft wann e mol eng huet. Meng Texter hunn heiansdo ganz wéineg Plot, et ass ech éischter eng Rees an eng Froo eran, probéieren duerch en text Saachen z’adresséieren. 

6. Wéi eng Schrëftstellerin respektiv wéi ee Schrëftsteller liest Dir selwer besonnesch gären a firwat?

Den Antoine Wauters, well en eng ganz interssant manéier huet d’Sproch ze dréinen fir nei Saachen ze soen. Den James Baldwin, fir séng immens chaoteschen Blues Stil an säin Engagement. An ganz ganz vill anerer. Ech liesen ganz vill verschidden Auteuren. 

7. Op wéi eng Sprooch schreift Dir haaptsächlech a firwat hutt Dir Iech fir dëss Sprooch entscheet?

Franséich. Well ech ugefang hunn op Franséisch méi klassesch Literatur ze liesen (zb. Les Misérables ; virdrun hunn ech Däitsch Fantasy geschriwwen). Ech testen och heiansdo aner Sprochen, mee mëttlerweil hunn ech mech vill an déi Sproch ageschafft, wunnen säit 5 Joer zu Bréissel, an déi gëtt mer ëmmer méi natierlech fir mech auszedrécken.

8. Wourëms geet et an dem Buch / Text, mat dem Dir fir de Buchpräis 2023 nominéiert gi sidd?

Parfois la nuit se tait ass d’Geschicht vun engem Jazz Pianist zu Bréissel, den Danilo Casiraghi, et geet een mat him duerch seng Uffäng am Piano, wéi en iwer Ëmweer an géinnt seng Elteren sech duerchsetzt fir Pianist ze ginn, bis hin zu enger Crise an där en dat dann a Froo stellt. Et ass e bëssen e Bildungsroman, also e Buch iwer e jonken Mann deen säin Wee am Liewe sicht. Et geet niewt dem Piano vill ëm Mënschlech Bezéiunge, haptsächlech Fréndschaften an wéi een probéieren kann an eiser Gesellschaft en Liewen ausserhalb vun festen, traditionnellen Liebesbezéiungen ze féieren. 

9. Wéi gesäit Ären Alldag als SchrëftstellerIn aus? 

  • Wéi fänkt Dir un en neit Buch ze schreiwen? Wat sinn déi éischt Schrëtt?

Also normalerweis hunn ech op eemol eng Iddi. Also zum Beispill e Bild, eng Situatioun, eppes dat méch net lassléisst, oder reegelméisseg rëmkënnt. Dann warden ech ë bëssen. Lossen dat anzéien, an d’Geschicht am Kapp bësse weiderféieren, d’Personnagen sech developpéieren. Wann ech ufänken ëmmer méi Kloer en éischt Kapitel an éischt Sätz am Kapp ze hunn dann fänken ech un. Et puis on voit où l’aventure nous mène.  

  • Schreift Dir all Dag un engem Buch / Text?

Am beschte Fall jo. Fir mech ass Schreiwen wéi en Ricochet. Wann ech mech all Dag dohinner sëtzen (oft kuerz Schreiwsessions, max 2 Stonnen), dann kommen no puer Deeg ëmmer méi Iddien, mäin Text bleiwt nähmlech no enger Schreiwsession bei mer an spënnt sech weider, beemol ass den Text die ganzen Zäit mat mer an mengem Alldag, bëssen sou wéi eng Erfonnte Welt an déi een sech zréck zitt. 

Mee dat ass net ëmmer méiglech. Déi läscht Zwee Joer mam Master hunn ech net un langen Texter geschriwwen mee éischter un Kuerzen, do sinn ech dann éischter Fragmentarteg virgang. Am Moment, schreiwen ech just wann ech net un negem Theaterprojet sinn, also à peu près eng Woch op Zwou. An dann hunne ch awer och Saachen ze dinn, Administrativ oder a mengem Haus. Dat ass heiansdo komplizéiert.

An dann ass en ganz langen Porzess och deen vum Iwwerschaffen, do driften ech vill maner an meng Fantasie Welt of, well ech dat alles dann vill méi Kritesch kucken. Do kann ech dann vill méi lang Sessions maachen an et fillt sech och vill méi wéi Schaffen un, wéi wann ech en éischten Draft erbäi zauberen.

  • Schreift Dir op Pabeier op um Computer? Benotzt Dir eng speziell App / e Programm fir Bicher ze schreiwen?

Haptsächlech Computer, am Uffank ech d’Flemme hat alles ofzetippen. Lo mierken ech dass ech e vill méi rouegen an przisen Stil hunn wann ech um Computer schaffen. Mee ch benotzen dann och gär Momenterweis d’Op-der-Hand-Schreiwen fir en méi chatoteschen Stil mat an en Text ze bréngen. Dat maachen ech am Moment vill fir mäin nächsten Roman, well et sech bei kuerzen Texter bewisen huet (Nous sommes celleux qui marchent dans la ville ; Cartographie des incertitudes).  

  • Schreift Dir op enger ganz roueger Plaz oder éischter wann Dir ënnert Leit sidd?

Éischter op enger roueger Plaatz. Ech brauch ganz vill „Vide“ rondrëm mech, welle ch bëssen an deem oftauchen. (Fir d’Uni hunne ch awer oft op Reesen an an Caféen geschriwwen – donc à retester). Wann ech bei Leit sinn wëll ech mat Leit sinn ; schreiwen oft am Moien/ Nomëtten, an Owes organiséieren ech mer eppes mat Kollegen, Theater/Kino/een drénken goen

  • Hutt Dir, ier Dir ufänkt mat schreiwen, déi ganz Geschicht am Kapp oder entsteet déi am Flow?

Bëssi e Mix, an hänkt vun de Projeten of. Also spieren woue ch higinn an si mengem schreiwen e Stéck viraus, mee och Flow, an déi schéinnsten Zeenen sinn normalerweis net geplant. 

  • Wéi laang braucht Dir ongeféier fir e Buch ze schreiwen an op de Maart ze bréngen?

3 joer plus ou moins, also 1 schreiwen, 1 iwwerschaffen an 1 mam Verlag.

  • Hutt Dir schonn eng Kéier e Buch oder en Text ugefaangen a net fäerdeg geschriwwen?

Ëm ech mengen schon, mee normalerweis maachen ech se färdeg, ech hun vill Texter déi ech dann awer nie veröffentlecht hunn. Oder op menger Uni, oft fir Exercicer kleng Saachen geschriwwen.

  • Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen?

Eppes anecht machen. Bréngt näischt ze forcéieren. Spaass hunn, Leit treffen. Och ganz aner saachen maachen, wéi rëm méi Sport maachen oder sou (ech klammen ganz vill). 

  • Wann ee Buch fäerdeg ass, liest Dir et da selwer nach emol ganz duerch?

Ass e Buch je ganz färdeg? Also… ech géif mega gär et kënnen wann et gedrockt ass et liesen wéi wann et eng éischt Kéier wär… mee dann huet een et schon honnert mol duerch… Heiansdo eenzel Kapitelen, wanne ech loscht hunn. Oder virun enger Rééditiopun fir Feeler ze fannen.

  • Wat ass déi gréisste Schwieregkeet beim Schreiwe vu Bicher?

Die endlose Einsamkeit, nee ze dramatesch haha. Also et huet een schon ganz vill Zweifel oft, an et kann een mat Leit schwetzen an se liesen doen, mee et steet een trotzdem oft alleng do mat sengen Saachen an et muss een dat irgendwéi maachen. Ass scho bëssen eng mise à nu wann sou e Buch bis eraus kënnt, an domat muss een schon ok sinn, och dass een kann mega Krass Kritiken kréien fir eppes dat bal e Stéck vun engem selwer ass.

10. Wéi eng gutt Rotschléi géift Dir engem jonke Schrëftsteller ginn?

Schreif, maach, probéier, test! An maach rëm weg, maach rëm frësch. Lauschter op dech selwer, fir ze fannen wéieng Stëmm dir natierlech ass, dat ass dat wichtegst am Uffank. An herno géi damat bei Leit, loss se et liesen, den Prix Laurence ass eng Plaatz wou een kann aschécken zb. An dann den Kontakt mat aner Leit déi schreiwen sichen, vun deenen léieren. Menger Meenung no ass Schreiwen méi Aarbecht wéi Talent, wann ech lo meng éischt Texter liesen rappen ech mer d’Hoer raus, an dat wärt an 10 Joer bestëmmt d‘selwecht sinn mat deenen vun elo. 

Retourner