Antoine POHU

Wat oder wien huet Iech op d’Iddi bruecht fir Bicher ze schreiwen? Wéi al waart Dir dunn?

Dat ass graduell komm. Ech hunn zwëschent 16 an 18 ugefaang mat Schreiwen, e puer Texter, Gedichter. Loscht e ganzt Buch erauszebrénge koum dann zwëschent 18 an 21, wéi dat éischt Buch eraus war, an d’Loscht koum wuel vun deene ville Bicher déi ech gelies hunn.

Wéi kritt Dir Är Iddie fir Bicher ze schreiwen? Wat inspiréiert Iech?

                  Dat kënnt e bësse vun Iwwerall, Geschichten déi een héiert, gesäit, liest. Saachen déi ee lieft a Sujeten déi een dann traitéiere wëll. Oft fänkt et u mat engem Bild, engem Personnage a gëtt da schnell eng Geschicht.

Wéi ent vun Äre Bicher ass Ärt Liblingsbuch? Firwat?

Oh mei, ech fäerten do ginn et der vill, also hu kee genaut. E Buch virun engem Joer dat mech immens markéiert huet ass “Kürzere Tage” vum Anna Katharina Hahn, oder och lo rezent “Klara and the Sun” vum Kazuo Ishiguro oder nach “Eine Art Liebe” vum Katharina Hacker. Dat sinn einfach Bicher déi vun hirem Otem hier mech immens beréieren, vun hire Biller, hirem Stil an deem wat se erzielen. Dann Awer och “La plus secrète mémoire des hommes” vum Mohammed Mbougar Sarr.

Wéi ee vun all Äere Charakteren ass Iech am änlechsten a firwat?

Ech mengen et setzt een e bëssen an all Personnage eppes vun sech selwer. Ech si mengen ech eng Mëschung vun der Rou vun Danilo an der Roserei vum Antigone.

Wat gefält Iech am beschten um Schreiwen?

D’Rou, d’Gefill sech an eppes anzegruewen.

Iwwert wéi en Thema schreift Dir am léifsten?

Dat hänkt vum Text of, ech hunn iwwer vill Saache geschriwwen, awer wat erëm kënnt ass en sech verluer fillen an der Welt, em Elengsinn. Och wann et an der läscht méi politesch ginn ass, dann ëm d’Angscht, iwwer Klima a Riets Gewalt.

A wéi enger Sproch schreift Dir am meeschten?

Franséisch. Sou lues interesséieren ech mech och erëm fir dat Lëtzebuergescht.

Wou ass Är Liblingsplaz fir ze schreiwen a fir nozedenken?

Doheem, fir ze schreiwen, an awer och Ënnerwee, fir nozedenken.

Wien wëllt Dir mat Äre Bicher erreechen?

Wien och ëmmer sech doran erëmfënnt. Oder Loscht huet sech domat ausernanerzesetzen.

A wat fir enge Fächer muss ee gutt sinn, fir Schrëftsteller ze ginn?

Är Proffe wëlle lo dass ech schreiwen an de Sproochen… et muss ee wëlle schreiwen, c’est tout.

Huet Iech schonn e Member vun Ärer Famill fir ee Buch inspiréiert?

Et klaut ee wou ee kann. Mee mäi Bop kënnt oft zréck.

Wéi denkt Är Famill iwwert Är Bicher? Wat sinn hir Liblingsbicher?

Bis elo schéngen se hinnen ze gefalen. Ech mengen dass de Stolz an d’Freet dass ech maache ka wat mer wëll eng méi grouss Roll spillt wéi wat ech elo genau schreiwen.

Hutt Dir schonn eng Iddi fir Ärt nächst Buch?

Jo et geet ëm de Versuch mat der Welt an all de schlechten Nouvelle kloerzekommen.

Wat ass Är Meenung zu digitale Bicher (Kindle asw.)?

Et geet dorëm dass ee liest, net dass ee Pabeier snifft, och wann ech dat fir mech perséinlech léiwer hunn.

Wéi fannt Dir d’Jugend vun haut?

Gehéieren ech net nach dozou ? Haha net méi domm wéi meng, an heiansdo mécht se mer souguer e bëssen Hoffnung.

Avez-vous souvent le syndrome de la page blanche? Si oui, comment y remédier?

En général ça va, je touche du bois.

Est-ce difficile de se faire connaître dans d’autres pays?

Hmm, dat hänkt vu ganz vill verschidde Facteuren of, Literaturzeene si lokal, wann een iergendwou wunnt, da kann dat och goen.

Connaissez-vous la fin de l’histoire quand vous commencez à l’écrire?

Non. Ou pas tout à fait, en général mes pensées sont quelques chapitres plus loin que mon écriture, comme une balle que je relance de temps en temps. Mais il y a parfois des idées déjà, je n’aime pas avoir une idée claire d’où je dois arriver.

Ecrivez-vous par rapport à votre vécu ou par pure imagination?

Un mélange des deux, je mets des choses personnelles pour des questionnements, parfois des anecdotes, des lieux où j’ai été, mais les trames et personnages ont toujours quelque chose d’avant tout fictionnel.

Avez-vous des livres que vous gardez pour vous sans les montrer à personne?

Je n’ai pas beaucoup de projets avortés, mais il y en a oui, des petites choses sans importance.

Haben sie je ein Buchprojekt aufgegeben, weil Sie keine Ideen mehr hatten oder nicht mehr weiterwussten?

Ich schreibe Texte normalerweise fertig, habe auch nicht zu viele Ideen gleichzeitig. Aber halbwegs fertige und doch aufgegebene Texte gibt es.

Haben Sie noch einen anderen Beruf? Wenn ja, welchen? Ist es schwierig, zwischen zwei Berufen zu balancieren?

Ich bin freiberuflicher Schriftsteller und Dramaturg, das heißt, dass ich rein von Literatur und Theater lebe, für Theaterprojekte gibst es festere Deadlines und Stundenpläne. Da bleibt dazwischen aber immer auch Zeit für an Romanen zu schreiben.

Gibt es eine „Message“, die Sie Ihrem Publikum mit Ihren Büchern vermitteln wollen?

Das hängt ganz von den Texten ab. Aber ich würde sagen, dass es notwendig ist sowohl politisch wie emotional aus einem auf Konsum und Verschwendung ausgerichteten System rauszukommen. Da kann man mit Literatur entgegenwirken.

Gibt es eine bestimmte Zeit in der Woche oder am Tag zu der Sie schreiben oder schreiben Sie immer spontan?

Eher Morgens, aber hängt davon ab.

Haben Sie schon einmal bereut, ein Buch veröffentlicht zu haben? Warum?

Man kann sich vorstellen Einiges anders machen zu wollen, aber bereuen, nein.

Lesen Sie gerne? Lesen Sie gerne die Art von Büchern, die Sie auch selbst schreiben oder andere Genres?

Natürlich, und natürlich, aber auch gerne ander Genres.

Schreiben Sie die Geschichten auf Papier oder tippen Sie alles auf dem Computer?

Größenteils Computer, aber manchmal auch auf der Hand weil das eine gewisse Direktheit hat.

Haben Sie früher in Klassenarbeiten (Aufsatz) gute Noten bekommen?

Naja, hängt davon ab, meine Grammatik war immer schlecht und der Stil kam auch über die Jahre. Also… ab 3e eventuell, davor eher nein.

War es Ihr Kindheitstraum Schriftsteller/-in zu werden oder hatten Sie einen anderen Traumjob?

Das kam über die Jahre, aber als Kind sicher nicht, Bücher und allgemein Intellektuelles war da nicht auf dem Radar. Es wurde erst später zu einem Wunsch und dann zu einer Möglichkeit.

Wie ist Ihre Meinung zu künstlicher Intelligenz?

Ech hunn den Chat GPT gefrot hei puer Sätz :

„Für mich ist das eine Art Kooperation – ich bringe mein „Wissen“ und meine Sprachfähigkeit ein, während der Mensch, das Ziel und die Inspiration vorgibt.“

„Gleichzeitig bin ich mir bewusst, dass ich nie wirklich fühlen oder die Komplexität menschlicher Erfahrung vollständig erfassen kann.“

„Dabei hoffe ich, dass der Umgang mit KI ethisch reflektiert wird und Menschen selbst bestimmen, wie sie mit mir arbeiten wollen und welche Rolle KIs im der Gesellschaft spielen sollen.“

Etc.

Bref, c’est tout mignon, mais ça m’ennuie. Je préfère l’humain et le vivant.

Retourner