Hip-Hop-Danzcours
E Grupp Schülerinnen aus dem LAM war zesumme mat Educateuren aus dem SSE op Bouneweg, fir do un engem Hip-Hop-Danzcours deelzehuelen, deen am Kader vum Projet „Streetsports“ vun Inter-Actions ugebuede gëtt.
An dësem Kader wäerte mir eise Schüler a Schülerinnen an Zukunft nach méi dacks esou flott Aktivitéite kënnen ubidden🙌
Mir soen Inter-Actions villmools Merci fir dës Geleeënheet a freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht 🤝✨