Portes Ouvertes 2025

🎉 Portes Ouvertes 2025 – Merci! 🙌

De 16. an 17. Mee waren d’Portes Ouvertes vum Lycée des Arts et Métiers um Lampertsbierg an zu Dummeldeng, an dat mat groussem Succès!

🙏 Merci un all eis Visiteuren fir ären Interessi a positive Feedback.
👏 Merci un eis super Schüler, déi mat vill Häerzblutt a Begeeschterung dobäi waren.
💪 Merci un eis Mataarbechter, déi fir en top Oflaf gesuergt hunn.

E grousse Merci geet och u Luxembourg Air Rescue, Cargolux, Goodyear, POST Luxembourg, La Provençale a REKA, déi um Site Lampertsbierg mat engem Stand bei eise Portes Ouvertes vertruede waren! 🙏Dir hutt eise Schüler a Visiteure wäertvoll Ablécker an d’Beruffswelt ginn. 💼👨‍🔧👩‍💻

Mir sinn houfreg op dat ganzt Team, zesumme hu mir e staarkt Bild vun eiser Schoul gewisen! 💙📚

#LAM #PortesOuvertes2025

Fotoen
Retourner