🎓Remise vun de Certificate vum “S-Team”

🎓Remise vun de Certificate vum “S-Team”

De 14. Oktober 2025 war um Campus Geesseknäppchen déi alljärlech Remise vun de Certificate vum “S-Team”.
Bei dësem wichtegen Event goufe Kanner a Jugendlecher fir hiert ausserschoulescht Engagement an der Gewaltpreventioun ausgezeechent. D’Präisiwwerreechung war a Präsenz vum Minister Claude Meisch.

Eis Schüler, begleet vum Deborah Goergen an dem Tiago Alves vum Service éducatif, kruten op dëser feierlecher Zeremonie hir Diplomer iwwerreecht.

Mir gratuléieren hinne ganz häerzlech fir hiert Engagement an hir Efforten! 👏

Fotoen
Retourner