Portraits d’auteurs

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg 2023 hunn d’Schülerinnen a Schüler vun 1TPTI aus dem Lycée des Arts et Métiers alleguer déi Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller fotograféiert, déi op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2023 stinn. Dëss Portrait‘en ginn an enger Ausstellung wärend de Walfer Bicherdeeg gewisen.

Och déi méi jonk Schülerinnen a Schüler vun der 5C a 4C aus dem LAM hunn sech un dësem Projet bedeelegt: Si ware virwëtzeg a wollte méi iwwert d’Auteure wëssen. Dofir hunn si an der Schoul en schrëftlechen Interview ausgeschafft, den si den Auteuren per Email zoukomme gelooss hunn. Si wollte gewuer ginn, firwat an ënnert wéi engen Ëmstänn d’Auteuren hir Texter schreiwen.

D’Reaktioun vun de Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller war ganz positiv an aus deenen ausféierlechen Äntwerten konnten d’Schüler/-inne vun der 5C a 4C an der Schoul Schlësselsätz eraussichen, déi hinne besonnesch gutt gefall hunn. Den interesséierte Visiteur vun der Ausstellung kann e QR-Code scannen an de kompletten Interview op der Homepage vum Lycée des Arts et Métiers liesen.

Literatur



Load more

Kanner- a Jugendliteratur



Load more

Sachbicher



Load more

Zitater aus den Interviewen

„Et soll een d’Schreiwen net als eppes Isoléiertes gesinn. Schreiwen hänkt zesumme mam Liesen, Diskutéieren, Nodenken. Wann een eppes ze soen huet, schreift et sech och.“ Germaine Goetzinger

Wat inspiréiert Iech? „D’Leit, d’Gesellschaft, d’Liewen.’’ Guy Rewenig

,,Ech fannen dat einfach enorm, wéi vill ee léieren, u sech schaffen an och anere Leit matdeele kann, andeems een duerch e Buch bliedert oder selwer op e Blatt Pabeier krozelt.’’ Luc François

„D’Margret Atwood huet op d’Fro, firwat si schreift, geäntwert: „Firwat net? Ech verstinn Är Fro net.“ Vläicht ass dat déi beschten Äntwert.“ Samuel Hamen

„Schreiwen [soll een] als Handwierk ugesinn, dat een nëmmen doduerch léiert, dass ee schreift a Feeler mécht an erëm vu vir ufänkt. Dat kascht heiansdo vill Zäit, mee et ass ëmmer besser, eng Iddi praktesch auszeprobéieren, wéi se just am Kapp duerchzespillen.” Claudine Muno

„Wann ech net als Hobby geschriwwen hätt, wier ech wuel en anere Mënsch gewiescht.” Josiane Kartheiser

„Schreiwen erlaabt mir, rëm e bësse Kand ze sinn, Saachen ze soen an ze schreiwen, fir déi een als Erwuessene mengt, et wier een ze al dofir. Mä dat ass net onbedéngt wouer. A jidderengem ass (hoffentlech) ëmmer nach e bësse Kand.“ Marc Weydert

Wat maacht Dir, wann Dir emol keng Inspiratioun fannt fir ze schreiwen? „Da fannen ech se trotzdeem:)😉“ Anja Di Bartolomeo

„Et definéiert een sech doduerch, dass een et brauch, ze schreiwen – e bëssen wéi eng Plaatz, wou een sech zréck zitt.“ Antoine Pohu

„D‘Inspiratioun brauch ee guer net ëmmer beim Schreiwen. Oft muss een einfach just schaffen an heiansdo muss een sech eben iwwerwanne fir ze schaffen, an vun Zäit zu Zäit packt een et net.“ Anna Valentiny

„Nei Ideen entstinn oft durech irgendeppes, wat ech gesinn, z.B. ee Maulefskoup am Gaart oder eng Spann, déi en Netz baut.“ Renée Weber

„Mat 9 Joer hat ech d’Serie Geheimnis um… vun der Enid Blyton fäerdeg gelies an du mat Schrecke festgestallt, datt déi Fra schonn dout wier a mir keng nei Bicher méi schreiwe kënnt. Duerch dësen éischte literaresch bedéngte Frust hunn ech verstanen, datt ech jo selwer eng Suite schreiwe kéint. Esou ass et ugaangen.“ Kerstin Medinger

„Comme ce que j’aime vraiment c’est illustrer, souvent ça commence par une illustration qui me donne l’idée pour l’histoire.“ Sandra Martins

 „Ech gesi mech net als Schrëftsteller, mä als Wëssenschaftler, dee probéiert, d‘Resultater vun der historescher Recherche ob eng verständlech Manéier engem gréissere Publikum zu vermëttelen.“ Michel Pauly

Retourner