28.11.2025
🎉Den 24.11.2025 war d’Madame Lynn Binna vum MENJE op Besuch am Lycée des Arts et Métiers um Site Lampertsbierg.
Eis Schüler hu mat vill Stolz de Mérite Jeunesse, de SCLAM-Schülercomité an d’ausserschoulesch Aktivitéite presentéiert.
De Sportprojet gouf vum Sportenseignant Roy Schmal virgestallt. ⚽🏃♂️
Och d’Konzept “Screen Life Balance” an d’Emfro “Ech gestalte meng Schoul” goufen thematiséiert.
Zum Schluss gouf d’Madame Binna nach duerch eise Jugendtreff gefouert. 👏
🙏 E grousse Merci un d’Madame Binna fir hir Visitt an un eis Schüler a Personal fir déi super Presentatiounen!
💬 Et war en flotten, inspiréierenden an konstruktiven Austausch.
Fotoen